Geschter huet de Luc Holtz de Kader fir de Match geint Schottland publizéiert. Kleng Iwwerraschungen sinn och derbei. De Kevin Malget an den David Turpel si beikomm. Dem Verteideger vum F91 säi Retour gouf jo schonn bei Huel se! spekuléiert an den Ettelbrécker Stiermer huet an deser Saison mat 6 Goaler op sech opmierksam gemeet. Net derbei ass den Aurélien Joachim deen un weinst enger Reppeverletzung ausfällt.
Related Posts
4 thoughts on “FLF Kader géint Schottland”
Schreibe einen Kommentar Antworten abbrechen
Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.
Erëm e puer komesch Aussoe vum Nationaltrainer, z.B. iwwer den Aurélien Joachim: “[…] Aurélien Joachim war allerdings vor seiner Blessur auch nicht in bestem körperlichen Zustand. Dann können eben Verletzungen auftreten.” – e Knéi beim Zweekampf an d’Rëpper woubäi der 11 Stéck briechen – dat geschitt och deem fittste Spiller mengen ech.
An d’Excuse fir eng eventuell Néierlag ginn et och schon am Viraus: “Das Länderspiel erfolgt zu einem späten Zeitpunkt. Die Spieler haben bereits viele Begegnungen in den Beinen”. Wéini solle mer dann iwwerhapt spillen? No 13 Spilldeeg misste se jo éischter voll am Jus sinn, zemols de Championnat jo nach leeft…
Dat den Auré vrun den Israel Mätscher net a Form war war gewosst. Hien huet selwer vrun der Doppelbegeigenung gesott hien wier zimlëch futti. Do hätt den Trainer hien schütze sollen an hien op maanst den éischte Match op d’Bänk setzen.
E besseren Zäitpunkt fir e positivt Resultat ze ereechen wéi elo gett et net. D’Schotten hunn nemmen Profien déi keng Loscht hunn fir sech an engem Lännermatch ze verletzen, scho guer net géint Lëtzebuerg.
Naja, ënnerschätz do emol d’Schotten net. Déi Ausso trëfft op 95% vun den Equipen zou, mä bei de Britten allgemeng wier ech mer do net esou sécher 🙂
8 Ofsoë schwetzen dach fir sëch 😉 natierlëch sinn déi Jongen déi Nonominéiert goufen wahrscheinlech zimlëch motivéiert.