IKEA, Elch, Zlatan – vlait déi dräi Saachen, déi engem direkt afaalen, wann een u Schweden denkt. Näischt dovunner gesi mer e Freiden op der Areler Strooss. Dofir hu mer awer endlech mol erem eng skandinavesch Ekipp op Besuch!
Effektif ass et schonn eng Zäitchen hier, dass d’Roud Léiwen géint ee Land vun der skandinavescher Hallefinsel ugetruede sinn. 2013 gouf et zwar ee Frëndschaftsmatch géint Finnland (0:3), ma em Punkte goung et fir d’läscht 10 Joer do virdrun, 2003 géint Norwegen. Virun der Joerdausendwenn gouf et dee läschten Duell mat Schweden: den 8. September 1999 gouf et eng 0:1-Néierlag doheem, 6 Méint virdrun waren d’Lëtzebuerger zu Göteborg 2:0 ennerleeën. De Luc Holtz, deemols beim Avenir Beggen respektiv der Etzella, gouf a béide Matcher agewiesselt; seng Géigner hu beim FC Bayern, Celtic Glasgow, Arsenal London, Valencia oder Lazio Roum gespillt. Et war d’Zäit vu Freddy Ljungberg, Henrik Larsson, Patrik Andersson a Co.
Ma dat ass laang hier. D’Schwede vun haut hu wéineg mat deene vun deemols ze dinn: de King Zlatan ass zréckgetrueden, Institutioune wéi Kim Källström an Andreas Isaksson genau esou. Iwwreg bleift eng relativ jonk Ekipp, an där de Kapitän Andreas Granqvist (31, FC Krasnodar) zesumme mam Mikael Lustig (29,Celtic FC) mat 56 respektiv 54 Lännermatcher den erfuerensten ass. Weider Routiniers sinn de Marcus Berg (30, Panathinaikos) an Oscar Wendt (30, Mönchengladbach), déi zesumme mat Talenter wéi Victor Lindelöf (Benfica Lissabon), John Guidetti (Celta Vigo) oder Emil Forsberg (RB Leipzig) oplafen. Net manner wéi 9 Spiller aus dem Kader goufen 2015 mat der U21 Europameeschter!
Op der Säit vun der Lokalekipp ginn dem Selektionneur Luc Holtz seng Suergefalen net méi glaat. Niewt de scho länger blesséierte Bensi (am Opbau), Holter (Fouss gebrach) a Chanot (Bandscheiwefirfall) muss hien och ouni Lars Gerson plangen, deen och mat engem Foussbrouch ausfällt. Ënnert der Woch konnte mat Dave Turpel, Dan da Mota, Seba Thill a Kiki Martins e puer aaner Stammplazkandidaten net all Trainingseinheit matmaachen. Esou oder esou wäert et am Verglach zum Bulgarie-Match zu enger Rei Changementer an der Startopstellung kommen. Wien fir wien spillt, a wéiee System et schussendlech gëtt, bleiwt traditionnell ee gutt gehiddent Geheimnis. Gutt méiglech ass, dass wéi scho géint Bulgarien mat engem 4-4-1-1 oder engem 4-2-3-1 gespillt gëtt. Net ganz auszeschléisse bleift awer och ee 4-4-2.
Fest sti wuel Moris am Gol, Jans als Rechtsverteideger a Joachim an der Stuermspetzt. An der Véirerketten ass déi grouss Fro wien niewt dem Christopher Martins an der Innenverteidegung spille wäert: Malget, Philipps oder Delgado wieren déi erfuerenst Kandidaten; mat Tim Hall, Pit Simon an Aldin Skenderovic stinn nach 3 Nowuestalenter parat, déi allerdings nach kee Lännermatch gespillt hunn.
Och op der Lénksverteidegerpositioun ass schwéier virauszesoen, wien de Virzoch kritt: den erfuerene Jänisch, de Malget oder den 18-jähregen Dirk Carlson, deen am September géint Lettland net enttäuscht huet. Och de Mario Mutsch huet schon op där Positioun gespillt; méi wahrscheinlech ass awer, dass hien am Mettelfeld zum Asaz kennt. Och de Chris Philipps gesi mir fir e Freiden éischter am defensive Mëttelfeld ewéi an der Innenverteidegung. Op lénks huet de Florian Bohnert, no iwwerzeegende Leeschtungen bei Schalke II an och am Training, gutt Kaarten op een Asaz vun Ufank un – virun allem, wann den da Mota net sollt fit ginn. Op Rechts kéinten Maurice Deville oder Sébastien Thill ufenken. Fir d’Plaz op der 10 wier de Vincent Thill prädestinéiert – hien ass momentan awer vläit nach méi effektiv, wann hien als Joker agewiesselt gëtt. Dofir kéint do beispillsweis de Mario Mutsch agesat ginn – woubäi dann erem ee Kandidat fir d’Plaz niewt dem Chris Philipps an der defensiver Mëtt gesicht gëtt…
Spannung an Iwwerraschung ass also virprogramméiert. Am Qualioptakt konnten d’Tre Kronor” den Hollänner een 1:1 oftrotzen. Op et géint Lëtzebuerg méi Punkte wäerten eraus sprangen, dat gesi mer muer den Owend ab 20:45 Auer am Stade Josy Barthel op der Areler Strooss. Et ginn nach Ticketen an der Oweskeess!