E Freideg géint Schweden hunn d’Lëtzebuerger net schlecht gespillt – mee et muss een unerkennen, dass de Géigner einfach méi staark war. Eng weider Chance, déi éischt Punkten fir dëss Campagne anzefueren bidd sech fir d’Rout Léiwen schon dëse Méindeg auswäerts a Wäissrussland.
No engem iwweraschenden 0-0 doheem géint Frankräich am September ass Wäissrussland dëse Freideg mat 4-1 zu Rotterdam géint Holland ënnert d’Rieder komm.
Géint kaum e Land huet Lëtzebuerg an de leschte Joren sou oft gespillt ewéi géint Wäissrussland.
An den 90er Joren…
Eng éischte Kéier si béid Ekippen am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 96 an England openeen getraff.
Den 12.Oktober 1994 sollt Lëtzebuerg 2-0 zu Minsk verléieren. Aus wäissrussescher Siicht war dat e Mätch fir d’Geschichtsbicher: réicht nom Zerfall vun der Sowjetunioun huet Wäissrussland eng eegen Nationalekipp gestallt. Dëse Mätch géint Lëtzebuerg war eréicht de siwente Mätch fir Wäissrussland. Et gouf hir éischt Victoire ze feieren a war niewebäi hiren éischte Qualifikatiounsmätch doheem.
Am Réckmätch den 11.Oktober 1995 huet Lëtzebuerg ee vu séngen 10 Punkten aus där Campagne geholl: 0-0 stoung et no 90 Minutten op der Arëler Strooss.
Gomel
An der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft an Eisträich an der Schwäiz 2008 si Lëtzebuerg a Wäissrussland erëm an déi selwecht Grupp geloust ginn. De 24.Mäerz 2007 huet Lëtzebuerg doheem mat 1-2 verluer. De Lëtzebuerger Gol huet den agewiesselte Chris Sagramola geschoss.
De Réckmätch, den 13.Oktober 2007 zu Gomel, ass sëcher nach den allermeeschte Lëtzebuerger Supporter an Erënnerung: 95.Minutt… Flank Da Mota, Käpper Fons Leweck… 0-1!!!! Déi éischt Punkte fir d’Rout Léiwen säit…
…deem 0-0 géint d’Wäissrussen 12 Joer an 2 Deeg virdrun.
2010, 2011, 2014, 2015, 2016, 2017
Zënterhier si Lëtzebuerg a Wäissrussland an all Europameeschterschafts-Qualifikatioun openeen getraff.
Virun der EM an der Ukraine an a Polen gouf et den 8.Oktober 2010 en 0-0 op der Arëler Strooss an de 7.Juni 2011 eng 2-0 Néierlag zu Minsk.
Och an der EM-Quali fir den Tournoi a Frankräich 2016 huet Lëtzebuerg zweemol géint Wäissrussland gespillt: um 1.Spilldag vun der Campagne huet Lëtzebuerg am „Fouermätch“ den 8.September 2014 géint d’Wäissrussen 1-1 gläich gespillt. De Lars Gerson hat d’Rout Léiwen deemols a Féierung bruecht.
Am Réckmätch, op den Dag ee Joer méi spéit, den 8.September 2015, hunn d’Rout Léiwen, déi zu Borisow quasi alleguer mat enger Liewensmëttelvergëftung ze kämpfen haten, mat 2-0 verluer.
E Méindeg kënnt et also zu Borisow zum 9.Duell tëscht béiden Ekippen. Fir d’éischte Kéier ass dësst net am Kader vun enger EM-, mee vun enger WM-Qualifikatioun. Vun dëser Plaz aus de Roude Léiwen vill Gléck gewënscht – an eise Supporter, déi d’Ekipp zu Borisow ënnerstëtzen eng schéi Rees!