Et war de 9.Juli 2014, géint véirel fir 8 lokaler Zäit zu Sao Paulo… de Maxi Rodriguez leeft un a schéisst en Elefmeter… de Jasper Cillessen kënnt un de Ball, kritt e widdert d’Lat deviéiert – mee vun do aus spréngt de Ball an de Gol. Argentinien steet an der WM-Finall 2014.
Och wann Holland puer Deeg drop nach sollt den Mätch em d’Drëtt Plaz gewannen, sou ass mat dëser Halleffinall zu Sao Paulo awer eng grouss Ära am hollännesche Fussball op en Enn gaang.
Nom iwweraschende Gruppenaus op der Europameeschterschaft 2012, an enger Rei enttäuschende Resultater an Testmätcher war d’Euphorie an Holland virun der WM 2014 éischter kleng… dat sollt awer just bis den éischte Gruppemätch daueren… mat onkonventionellen taktesche Mëttel vum deemolegen Trainer van Gaal, e.a. 5 Verteideger, huet Oranje sech kënne mat 5-1 géint den Titelverteideger Spuenien duerchsetzen… a stoung um Enn, vläicht e bëssen iwweraschend, an der Halleffinall.
Och wann d’Démission en bloc aus der Nationalekipp vun der „Generatioun Sneijder“ ausbliwwen ass, sou war no der WM 2014, bedéngt och duerch Verletzungen, net méi vill vun dëser Generatioun ze gesinn. De Guus Hiddink gouf Nationaltrainer, et war awer vu fir era gewosst dass en no der EM 2016 sollt vum Danny Blind ofgeléist ginn… no engem Fehlstart an d’Qualifikatiounscampagne ass de Guus Hiddink awer zréckgetrueden – an dat wat eigentlech kee méi fir méiglech gehal huet ass agetraff:
…et ass alles nach schlëmmer ginn! Mam Danny Blind huet Holland doheem géint Island verluer, ass auswäerts an der Türkei mat 3-0 ënnert d’Rieder komm, konnt 1-2 a Kasachstan gewannen – fir dun am Mätch vun der leschter Chance zu Amsterdam 2-3 géint Tschechien ze verléieren. Erwähnenswäert vläicht am Zesummenhang mat dësem Mätch dass Tschechien ab der 43.Spillminutt an Ennerzuel huet misse spillen.
D’Europameeschterschaft 2016, déi am Virfeld jo duerfir kritiséiert gouf dass et fir d’Topfavoriten an der Qualifikatioun em guer näischt méi géif goen well zevill Ekippen um Tournoi deelhuelen, gouf also ouni Holland gespillt!
E radikalen Embroch war also néideg… an deen ass wuel och geschitt. Grad emol 3 vun de 14 Spiller, déi Qualimätch ugangs Oktober 2016 géint Frankräich zum Asaz koumen, waren och am WM-Kader vun 2014 (Daley Blind, Georgino Wijnaldum, Memphis Depay).
De „Problem“ mat der aktueller Ekipp ass awer, dass et eigentlech fir d’éischte Kéier säit ugangs den 80er Joren (nach?) keng wierklech hollännesch Weltstaren an der jonker Generatioun ginn. Dowéinst gëtt och nach gären weiderhin ob Spiller ewéi e Sneijder oder Robben, wann se da fit sinn, gesat.
D’Ursaachen heifir ze sichen géif elo an dësem Kontext ze wäit féieren – eng Erkläerung ass sëcherlech, dass d’hollännesch Topveräiner Ajax, Feyenoord a PSV net méi déi eenzeg an Europa sinn déi kucken hir Spiller technesch méiglechst perfekt auszebilden… an d’Recette vun dëse Veräiner am internationale Verglach relativ limitéiert sinn. A wee weess, vläicht packt jo nach dat eent oder anert hollännescht Talent, ewéi e Bart Ramselaar, Tonny Vilhena, Rick Karsdorp, Davy Klaassen oder Vincent Janssen de ganz groussen internationalen Duerchbroch an den nächste Joren.
Um Freideg huet den Danny Blind och de Kader fir de Mätch géint Lëtzebuerg bekannt ginn: Robben a Sneijder wierten am Kader stoen – an fir d’éischte Kéier och de Marvin Zeegelaar, Lénksverteideger vu Sporting Lissabon. Och de Joshua Brenet vum PSV, deen e Méindeg nonominéiert gouf, kéint zu sengem Debut fir Oranje kommen.
Fir d’lescht an enger Qualifikatiounscampagne sinn d’Hollänner iwweriens virun ronn 10 Joer op Lëtzebuerg getraff – an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2008 an Eisträich an an der Schwäiz. Béid Mätcher huet Holland mam knappste vun alle Resultater, engem 1-0 gewonn. Op der Arëler Strooss huet de Joris Mathijsen den 2.September 2006 de Gol geschoss. Am Réckmätch am Kuip (wou och d’Foto uewen entstan ass) de 17.November 2007 war et den Danny Koevermans, dee säin eenzege Gol an engem offizielle Lännermätch iwwerhaapt geschoss huet.
D’Partie tëscht Lëtzebuerg an Holland gëtt bekanntlech den nächste Sonndeg um 18 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff.