Enormen Interessi um Jans !

 

Dem Laurent Jans seng gudd Leeschtungen an der Nationalequipe a bei Waasland Beveren bleiwwen net onbemierkt.

Wéi haut am Le Quotidien steet sti Veräin Schlang fir den Ausseverteideger ze verpflichten.

Aimg_1381n der Belsch steet de Jans op der lëscht vun de, momentan, zwee beschte Veräiner. Den FC Bruges, déi de Spiller schonn an der Summerpaus verpflichte wollten mä déi déi gefrotte Ofléisssomm net bezuele wollt, an den RSC Anderlecht waren vun der Leeschtung an den direkte Konfrontatiounen begeeschtert. Wann de Jans awer net an der Belsch bleiwwe wëll kann hien dem Artikel no an Däitschland, Frankräich  oder England wiesselen.

Bei onsen däitsche Nopperen sinn de Werder Bremen an den VFB Stuttgart dem sportleche Charme vum Eislécker erleeën. De schwäbëschen Zweetliguist huet anscheinend déi konkretesten Approche gemeet.

A Frankräich war dem Laurent Jans seng Côte scho méi laang an der Luucht, vrun e puer Méint hatt Rennes  Scouts  op d’Areler Strooss gescheckt.

Mä vläit land de Lëtzebuerger och op der Insel. Am Gebuerstland vum Fussball wier aus der Premier League Southampton interesséiert an aus der Championship steet de Vertéideger bei Huddersfield a beim Traditiounsveräin Aston Villa op der Wonschlëscht. De Veräin aus Birmingham ass lescht Saison ofgestiegen a baut momentan eng néi Equipe op.

Déi kolportéiert Oflosssomm vun 1 Millioun ass fir déi däitsch an englësch Veräiner e Witz a waert sécher keen Hindernis fir eng Verplichtung sinn.

 

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.