Eng ganz traureg Noriicht huet eis de Weekend ereecht: de John Muno, Eirepräsident vum FC CeBra01, huet eis d’lescht Woch fir ëmmer verlooss.

Niewt séngem onermiddlichen Engagement als Benevol a séngem Veräin zu Zéisséng, suwuel virun ewéi och no der Fusioun, war de John och e grousse Supporter vun der Lëtzebuerger Fussballsnationalekipp.

Suwuel doheem ewéi och auswäerts huet de John d’Roud Léiwen ënnerstëtzt an huet mam Supporterclub „Roude Léiw Huel Se!“ och vill flott Auswäertsreesen organiséiert.

Mir wäerten de John a beschter Erënnerung halen an drécke sénger Famill eist häerzlecht Bäileed aus.

 

Rou a Fridden John!

 

 

 

 

Share: