Reckbléck 2016, Deel 2: de Luc gëtt Gas

Luc Holtz (Trainer Luxemburg) feuert seine Mannschaft an
/ Fussball WM-Qualifikation 2018, World Cup Qualifiers, Russia 2018 / 13.11.2016 /
Luxemburg – Niederlande (Luxembourg vs Netherlands) /
Stade Josy Barthel, Luxemburg /
Foto: Ben Majerus

Eisen Nationaltrainer ass jo emmer fir eng Iwwerraschung gutt. Och 2016 huet hien eis rem déi eng oder aaner “Suprise du Chef” zervéiert.


Kulinaresch war et ee rouegt Joer: kee Spaghetti-Gate a Wäissrussland, keng Vodkafläschen an den Trainingsposchen. Ma sportlech war vill lass – um an niewent dem Terrain.

Déi eng, déi kommen…

De Luc Holtz war jo bekannt dofir, fir neie Spiller eng Chance ze ginn. 2016 war allerdings een aussergewéinleche Joergang, wat d’Nationalekippsdebütanten ugeet: 8 Spiller hun dëst Joer hiren éischte Lännermatch gespillt, esouvill wéi nach ni, säitdem den Nationaltrainer um Rudder ass an duebel esouvill wéi déi lescht Joeren.

Während Talenter wéi Tim Hall, Pit Simon, Edvin Muratovic, Youn Czekanowicz an Aldin Skenderovic nach ob hiren éischten Asaz waarden, hu folgend Spiller an desem Joer hiren Debüt gefeiert:

Vincent Thill

V. Thill, eng Nummer 10 fir Lëtzebuerg

Muss een de “Vinc” nach virstellen? Vill gouf iwwert hie geschriwwen, geschwat, gesend. Dat momentan gréisste lëtzebuerger Talent huet de Sprong an de Profikader zu Metz gepackt a gouf och vum Luc Holtz am Mäerz géint Bosnien agewiesselt. Als éischten Nationalspiller mat 2000er Baujoer huet hie fir Schlagzeilen a Begehrlechkeete gesuergt. Talent ass ouni Zweifel do – elo gëllt et, fir näischt ze iwwerstierzen an déi richteg Entscheedungen ze treffen, fir den Duerchbroch och langfristeg ze packen.


Florian Bohnert

Florian Bohnert, flénk

De jonken Offensifspiller huet eng interessant Entwécklung gemaach an ass a 6 vun 8 Matcher zum Asaz komm. Géint Bulgarien konnt hien esouguer säin éischte Gol markéieren. Am Krees vun der Nationalekipp ass hie scho säit Mäerz 2015, huet awer iwwert ee Joer op säin éischten Asaz misse waarden. Bei der 2. Ekipp vu Schalke 04 mausert den 19-järegen sech iwwerdeems zum Stammspiller.


Cédric Sacras

De Cedric Sacras bei sengem Debüt

Am Summer ass de Lénksverteideger vum FC Metz B bei d’Fola gewiesselt. Bis elo gouf et fir hien zwee Kuerzasäz, dorënner säin Debut géint Albanien. Och hien gehéiert schon zanter 2015 zum Kader.


Dirk Carlson

Dirk Carlson

A Lettland duerft de bis dohin relativ onbekannten Dirk Carlson vun Ufank un spillen an krut direkt d’Profigeschäft ze spiiren, wéi den éischte Géigegol iwwert d’Säit vum Lénksverteideger entstaanen ass. Duerno huet hien awer eng respektabel Leeschtung ofgeliwwert. Géint Schweden wor hien och iwwert 90 Minutten am Asaz, ier en a Wäissrussland mat enger giel-router Kaart senger Jugend Tribut huet missen bezuelen. Den 18-järegen, deen elo nach zu Péiteng spillt, versicht no der Saison de Sprong an de Profiszirkus ze packen.


Enes Mahmutovic

Mahmutovic, konsequent

Nach esou ee Verteideger! De groussgewuessenen Innen- a Rechtsverteideger huet bei der Fola op sech opmierksam gemaach a koum ebessen iwwerraschend géint Holland zu sengem Debüt. Hei huet hien ee proppere Match gespillt a gewissen, dass hien eng Optioun fir d’Zukunft ka ginn.


Kevin Kerger

Kevin Kerger, Hashtag #polyvalent

An der EM-Quali vun der U21 war de Kevin Kerger am Summer ee vun de Spiller, déi erausgestach hunn. De Stroossener ka bal iwwerall spillen. Während hien bei der Una haptsächlech lénks hannen zum Asaz kennt, huet hien bei der U21 am Mettelfeld oder Stuerm gespillt. Géint Holland war hien wéinst Verletzungen vun aanere Spiller an de Kader vun der A-Nationalekipp gerutscht a krut vum Luc Holtz eng Véirelstonn Spillzäit um Enn vum Match.


Eric Veiga

Den Eric Veiga huet gutt laachen

Nodeems hien fir Portugal e puer U-Lännermatcher absolvéiert huet, huet den Eric Veiga sech schlussendlech awer fir de Roude Léiw entscheed. A Lettland am Wäissrussland gouf den 19-jährege Mettelfeldspiller vun Eintracht Braunschweig II allkéiers agewiesselt.


Ralph Schon

Ralph Schon, a keeper

De “Spätzünder” ennert den Newcomer. No 9 Matcher als Reservist sollt fir de 26-jährege Schoulmeeschter vum FC Una Stroossen ausgerechent géint d’Hollänner säi groussen Dag kommen. Och wann et de Récktrëtt vum Jonathan Joubert an eng Verletzung vum Anthony Moris gebraucht huet, ier hien op Plaz 1 gerutscht ass, sou huet de Schon géint Robben a Co gewissen, dass hien seng Plaz am Nationalkader absolut verdéngt huet.

Woubäi mer och schonn beim nächsten Thema vum Joer 2016 wieren…

Déi aaner, déi ginn…

Joubert a Schnell um Wee an d’pré-retraite

Dem Luc Holtz seng Entscheedung, den Anthony Moris am Laf vum Joer zur neier Nummer 1 ze deklaréieren, huet fir vill Gespréichsstoff gesuergt. “Alles oder Näischt” huet de Jonathan Joubert erklärt, dass hien als langjäereg Nummer 1 sech net géif op d’Bänk setzen. Well de Moris awer leider och eng Stammplatz beim Orthopäd ze hu schengt, an am September verletzungsbedengt ausgefall ass, ass den “Jona” géint Lettland an Bulgarien nach emol agesprong. No 86 Lännermatcher an enger respektabler 10-järeger Nationalekippskarriär ass fir hien d’Kapitel FLF-Selektioun awer elo fäerdeg geschriwwen.

Iwwerhapt waren d’Golkeeperen d’ganzt Joer iwwer an der Diskussioun. Niewt Joubert, Moris a Schon huet de Luc Holtz um Enn och nach de Youn Czekanowicz aus dem Hutt gezaubert: e Bouf, dee mat 16 Joer schon 1,86 Meter grouss ass a scho fir d’Jugendekippen vun Oochen, Leverkusen, Bruges a Gent gespillt huet. Hie schengt een interessante Mann fir d’Zukunft ze sinn.

Och den Tom Schnell huet d’Buch vun der Nationalekipp no 47 Asäz zougeschlo. Laangzäit onemstriddene Patron an der Verteidegung, huet hien an der läscht net méi zum Stammpersonal gehéiert. Liicht verbattert huet den 31-järegen am Oktober säi Récktrett bekannt ginn, och wann de Luc Holtz hie gäeren nach dobäi gehat hätt.

Den “Terrier” huet sech ausgewiesselt

Kuerz virdrun haat och de Ben Payal dem Nationaltrainer matgedeelt, dass e wéilt an der Nationalekipp ophalen. De klengen “Terrier” haat scho bal Kultcharakter an huet um Terrain emmer alles ginn. Ma och hien huet gespuert, dass d’Plazen ënnert den éischten Eelef deier gi sinn. Mat 28 Joer an 73 Asäz ass also eng weider kleng Ära op en Enn gaangen.


Aua, Aua

Den Dokter Reuter a säi Staff haten all Hänn voll ze dinn

Et war scho bal ee “Seuchenjahr”. Ganz vill Nationalspiller waren am Laf vum Joer verletzt a sinn et zum Deel nach emmer. Gerson, Joachim, Bensi, Martins, Jänisch, Deville, Veiga, Chanot, Moris, Holter …si all waren am Laf vum Joer blesséiert an hunn méi oder manner vill Matcher verpasst. De Laurent Jans huet am leschte Lännermatch fréi misse verletzt ausgewiesselt ginn, ass awer mettlerweil rem fit. Et war ee grousse Problem fir den Nationaltrainer, sou dass hie quasi ni mat der selwechter Ekipp konnt spillen.

Profien am chômage technique

Eng ganz Rei vun eisen Nationalspiller am Ausland soutzen d’läscht Joer an hire Klibb just op der Benk. Esouguer de Mario Mutsch, deen zu St. Gallen eng Zäit Kapitän war, krut rezent kaum nach ze spillen. Dat selwecht gëllt fir Chris Philipps a Maurice Deville, déi sech zu Metz respektiv Frankfurt nach net duerchgesat kruten.

Vill Nationalspiller op der Benk…

Dem Anthony Moris funken emmer erem Verletzungen doteschent, sou dass hien no senger Genesung elo mol rem Nummer 2 zu Malines ass. Martins, Thill a Veiga kruten just an der 2. Ekipp vun hire Veräiner ze spillen. Dat alles huet sech natirlech och ob hir Leeschtungen an der Nationalekipp ausgewierkt.

Besser gelaaf ass et do bei Maxime Chanot (New York City FC) a Laurent Jans (Waasland-Beveren), déi zum Stammpersonal gehéieren. De Florian Bohnert krut vill Asazzäit zu Gelsenkirchen, während den Aurelien Joachim eng staark Saison bei Lierse gespillt huet, no enger Verletzungspaus am Moment awer just als Joker zum Asaz kënnt.

Gëtt 2017 alles besser?

Mir hoffen et! Fir vill Nationalspiller gëtt dat neit Joer ee wichtegt an hirer Karriär. Mir wënschen hinnen, all eise Lieser an all de Fans vun der Nationalekipp ee gudde Rutsch an dat neit Joer an een erfollegräicht 2017!

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.