Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau.
No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.
Natierlech freet een sech, nodeems een 0-2 verluer huet, ob et opportun war d’Erwaardungshaltung héichzeschrauwen… och wann ee fairerweis derbäi muss soen dass dem Luc Holtz säin Niewesaz „wenn wir die Leistung bringen wie am Samstag gegen Frankreich“ et net mat an d’Schlagzeil op wort.lu „Wir können gegen die Kapverden gewinnen“ gepackt huet.
De Mätch zu Hesper ass séier resuméiert: technesch staark Kapverdianer waren an de spillentscheedende Situatiounen einfach e Schratt méi schnell wéi Lëtzebuerg an hu méi konsequent agéiert – an um Enn, och wa Lëtzebuerg nach vum Elefmeterpunkt aus hätt kënne verkierzen, gewannen d’Visiteuren verdéngt mat 0-2.
Et hätt een sech als Supporter vun de Lëtzebuerger eng aner Prestatioun – an domatt och en anert Resultat gewënscht, mee et hätt eben net solle sinn… op de Gradinen an um Comptoir ass ee wuel ze wäit vun der Ekipp eweg fir fundéiert ze analyséieren wat dann elo d’Grënn waren dass d’Prestatioun géint de Cap Vert zu de manner gudde Leeschtunge vun de Roude Léiwen an de leschte Joeren gezielt huet, mee ech sinn iwwerzeegt dëss Analys intern schounungslos vum Trainerstaff an der Ekipp wiert gemaach ginn.
Um Enn eng mësslonge Chance, eng gutt Entwécklung an de leschte Joeren endlech emol rem mat engem Resultat ze belounen – méi awer och net. De bleiwenden Androck aus dëser Lännermätcherpaus ass sëcherlech déi gutt Leeschtung géint Frankräich, an net déi méi duerchwuessen vun en Dënschdeg.