Fortuna ouni Chance

Lëtzebuerg – Fortuna Köln 1:0 (0:0)!

Gëschter gewannen eis “Amateur”-Roud Léiwen an engem Testmatch géint den däitschen Drëttligist Fortuna Köln. Bis op de Gerson Rodrigues, dee jo scho mat Telstar aus Nordholland trainéiert a wahrscheinlech dohinner wiesselt, huet de Luc Holtz just mat Spiller aus dem lëtzebuerger Championnat gespillt. Ze notéieren ass dat den Dino Toppmöller, Trainer vum F91 Diddeleng, seng Spiller fir dese Match net fräi ginn huet.

An der éischter Halschent gouf et op béide Säiten wéineg Offensifaktiounen. Eréischt an der zweeter Halschent gouf d’Spill méi animéiert a Lëtzebuerg war déi besser Ekipp. Esou konnt de Marvin Martins no enger Stonn ee Corner vum Dan da Mota zum Gol vum Dag era käppen. Méi spéit haten d’Roud Léiwen nach déi eng oder aner Golchance, während de Géigner kaum fir Gefor gesuergt huet.

Erausgestach ass virun allem den Dirk Carlson, deen op der ongewinnter Positioun am zentrale Mëttelfeld opgelaf ass a seng Saach gutt gemaach huet. Och den Olivier Thill koum zu sengem éischten Asaz bei de “Groussen” an hat e puer interessant Aktiounen.

Eescht gëtt et an dräi Wochen: den 31. August ass fir d’FLF-Selektioun doheem géint Wäissrussland d’Geleeënheet do, fir vläit nach eemol e puer Punkten ze sammelen!

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.