9 Grënn, firwat Lëtzebuerg den Owend gewënnt

9 Spiller verletzt, 2 Stéck gespart? Mëcht näischt! Géint d’Wäissrussen ka bal näischt schief goen. 9 Grënn, firwat mir den Owend géint d’Ekipp aus dem Ostblock gewannen:

 … well Wäissrussland ouni den Aleksandr Hleb nach ni zu Lëtzebuerg gewonn huet;
 … well säit laangem mol erem méi Lëtzebuerger Supporter wéi Auswäertsfans wäerten am Stadion sinn;
 … well den Oli Thill – famille oblige – et sengem grousse Brudder no mëcht an a sengem éischte Lännermatch een herrleche Gol schéisst;
 … well de Mario Mutsch un senger Karriär no der Karriär schafft an bei senger Léier als Kach am Mannschaftshotel de Wäissrussen gëschter Owend eng lecker Spaghetti Bolognaise gezaubert huet;
 … well de “Kinder-Riegel” Jans-Philipps 4 Joer méi spéit och zu null spille kann;
 … well Wäissrussland nach ni dräi Matcher hannerteneen gewonn huet, wann se net grad bei Kirmesturnéiere wéi de Malta International Tournament 2008 oder de Cyprus International Tournament 2004 matgespillt hunn;
 … well de “radioactive man” vu Gomel, de Fons Leweck, den Owend am Stadion ass (onbestätegte Gerüchter no huet de Luc Holtz hien gefrot, fir all Fäll mol seng Fussballsschong matzebrengen);
 … well de Bopa Joubert de jonke Spunten nach engkéier weisst, dass hien trotz sengem biblischen Alter nach méi drop huet wéi Interviewen ze ginn!
 … well et ee Fouermatch ass, a Fouermatcher hu mir nach niiiii verluer ! (Oder? ???)

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.