Losse mir ons éierlech sinn, am Virfeld vum Match hunn déi maanst onser Nationalequipe zougetraut e positivt Resultat géint Wäissrussland ze maachen. Dat loung net um Géigener mä un der laanger Lëscht vun Ausfäll fir d’Duebelkonfrontatioun géint Wäissrussland a lo e Sonnden a Frankräich. Moris, Schon, Mahmutovic, Lars Gerson, Mutsch, Chanot, Laterza a Bensi verletzt a Kiki Martins a Malget gespaart. Soit ons quasi ganz Ofwierréih an hiere direkten Ersatz.
An awer hu mir et fäerdeg bruecht eng kompetetif Equipe op d’Stéck ze schecken. De Mangel un Automatismen a Repèren huet sech phaseweis bemierkbar gemeet mä d’Jongen un dëst mat enger genialer Astellung a groussem Wellen ausgeglach. D’Wäissrussen konnte frou sinn dat déi Equipe gëschter nach net agespillt war well soss hätt en eng hefteg Néierlag kënne ginn.
Gestützt vun de Routinier Joubert, Jähnisch, Philipps, Jans, Da Mota an Joachim hunn ons Spunten aus der BGL Ligue, de fantastëschen Olivier Thill, de monströsen Skenderovic an den enorme Marvin Martins de Scouts op der Platz an all Granzsak gewissen dat mir groussarteg Talenter am Land hunn. “Eng Victoire fir d’ganzt Land” sott de Nationaltrainer nom Match. An hie loung domadder absolut richteg.
De Lëtzebuerger Fussball lieft !