Muer spillen ons Léiwen fir de Kont vun der WM Qualifikatioun zu Toulouse géint Frankräich.
D’Heemequipe ass nom sensationellem 4-0 géint Holland net nëmmen Tabelleleader mä och kuerz dovunner hier Qualifikatioun ze sécheren. Do kënnt dat klengt Lëtzebuerg jo grad richteg, oder ?
Mir soen einfach : NOTHING TOULOUSE !
Ons Jongen kommen mat engem 1-0 géint Wäissrussland am Réck an den Sud-Ouest a mat der Gewëssheet näischt ze verléieren ze hunn.
Fir dëse Match komme Malget a Christopher Martins zréck an de Kader. Näischt ze vill wann e gesäit dat den Deschamps mat Mbappé, Lemar, Coman, Griezmann a Giroud eng vun geféierlechsten Offensivréihen am Fussball opbidde kann.
Wéi soll de Luc Holtz ons Equipe opstellen ?
Wat sécher ass, Joubert, Jans, Philipps, Da Mota, Joachim sinn net eweg ze denken. De Christopher Martins an de Kevin Malget waerten esou gudd wéi sécher och spillen. Op den athletëschen Telstar Profi Gerson Rodrigues waert den Nationaltrainer och net verzichten. Et bleiwwen also nach dräi Platzen iwwreg…
Ons Opstellung:
4-5-1
Joubert/Marvin Martins-Philipps -Malget-Jans/Gerson Rodrigues-Kiki Martins-O.Thill-Skenderovic-Da Mota/Joachim
Am Goal keng Iwwerraschung. De Jonathan Joubert.
Op de Säiten huet Frankräich e puer TGV’en opgestallt an M.Martins a Jans si méi schnell wéi de Jähnisch a kënnen duerch hier Weeër no vir vläit och mol fir Entlaschtung suergen. Zesummen mat den zwee Mëttelfeldspiller op den Aussen, de Gerson Rodrigues an den Da Mota gëllt et ze doppelen an d’Couloire zouzemaachen.
Malget an der IV fir de Giroud, Philipps fir säin intelligent Spill.
Zentralmëtt, O.Thill kann esou no vir wéi no hannen spillen an huet en Zauberfouss, Skenderovic kann ee no sengem geniale Match géint Wäissrussland net eraushuelen an de Kiki Martins huet zu Rotterdam bewissen dat hien a grousse Matcher op hien ziele kann.
An am Stuerm setze mir op den Aurélien Joachim. De Kapitän muss probeieren d’Bäll ze halen an déi klengste Goalchance ze notzen.