Eng Course géint d’Zäit

“Nach 10 Minutten…” d’Nervositéit ass bal net aus ze halen, d’Hänn si schweeseg, d’Häerz schléit esou fest dat et am Kapp trommelt.
“Nach 5 Minutten, Jongen ech halen et net méi aus ! Dat Waarde mécht mëch verréckt…”
“Beroueg dech, mir packen et schonn”
“Ee Moment, ech hunn eng Iddi”
“Hey Monsieur, vous nous ramener au Stade pour 10€ ?”

An de läschten Deeg gouw schonn alles iwwert de sensationelle 0-0 vun onse Léiwen géint d’Weltmeeschternatioun Frankräich geschriwwen. Mir hu bis lo einfach genoss an d’Medien Wierder fir dësen onbeschreiwlëche Match fanne gelooss. Mir kéinnten lo ganz einfach iwwert de Match schreiwen mä dat wier wéi eng, zwar éischtklasseg an awer, opgewärmte Pizza.
Mir erzielen iech einfach wéi mir d’Course géint d’Zäit gewonnen hunn. Nët nëmmen déi am Stadion mä och um Wee fir dohinner.

Dëst ass d’Geschicht vun dräi Supporter, dei net den einfachste Wee gesicht hunn.

September zu Toulouse, 18 Grad, dreschen. Mir si hu lo schonn eng Nuet an der véiertgréisster franséischee Stadt verbruecht. Geschlof gouw wéineg, geféiert gouw vill.
Toulouse a seng Awunner si gréisstendeels ganz sympathësch an oppen, een Tour duerch seng Café, Pubs (Melting Pot, the Thirsty Monk) Restaurant’en (L’Entrecôte) léisst dodrunner keen Zweifel. Et ass eng typësch Studentestadt mat engem flotte Nuetsliewen. An dovunner konnte mir ons am Virowend vum Match ëbben iwwerzeegen.

Net ganz ouni Spueren huet den Dag, no 4 Stonne Schloff, um 9Auer ugefangen. Auswärts gëtt eben ni vill geschloff an dräi Männer an engem Zëmmer no enger duerchzechter Nuecht bedäit vill Toilettebesich, also Kaméidi also hues de besser net méi ze schlofen.
Bis mol jiddereen sech d’Middegkeet vum Kierper ofgeduscht huet a mir ons a Schuel gehéit hunn ware schon anerhallef Stonn vergaangen.
Fir den Dag gutt unzefänken ass et dunn op d’Sich no engem “petit déjeuner” gang. Dee mir och prompt op enger Terrasse um “Capitol” servéiert krutten.
Den M-Block hatt de lëtzebuerger Supporter um 13:00 Rendez-Vous am Melting Pot ginn.
Mir dräi hunn ons dunn Zäit mat e bessen Sightseeing, engem Apéro op der “place Wilson” an engem Burger am “Big Fernand”, enger Hippster Burger Bud mat gudde Produkter, verdriwwen. D’Zäit war nach ëmmer onse Frënn.

Géint 15:00 si dunn och mir am Melting Pot ukomm. Am Pub ware schonn déi meescht Lëtzebuerger Supporter an d’Stëmmung war ausgeloos. Et gouw e besse gesongen, et gouw mat Klient a Personnal vum Lokal geschwat, vill gelaach an et gouw, iwwerraschenderweis, och gedronk.
De Match war fir 20:45 ugesat, also blouw ons nach vill Zäit fir vum “Avant-Match” ze profitéieren.

Geint 18:00 sinn déi meescht Lëtzebuerger du gaangen. Vrum Match wollten se nach de Mo stäipen. Mir dräi hatten awer relativ spéit giess an et war einfach nach keen Appetit do. Mir sinn alt bliwwen. Mir hatten jo nach masseg Zäit.

Géint 18:45 huet de Recht Lëtzebuerger dem Melting Pot Äddi gesot a mir hunn ons op de Wee Richtung Wilson Platz gemeet. Mir hatte moies deen een oder aneren Taxi do gesinn.

Um Wee dohinner wollte mir kuerz nach am “Pub O’Clock”, 50 Meter vum Melting Pot, stoe bleiwwen, schnell op d’Toilette goen, Zigarette kafen an nach ee läschte Béier op der Terrasse huelen. Et waren jo nach ëmmer 2 Stonnen bis zum Match an d’Place Wilson loung 5 Minuten zu Fouss.
Um Dësch nieft ons sungsen e Grozp Léit, ënner anerem d’Serveuse vum Thirsty Monk an en Englänner mat deene mir iwwer Sport, Toulouse an d’Welt geschwat hunn. Et war e ganz gemittlechen Ament, mir hu gutt gelaach, d’Welt war an der Réih bis…
d’Super Mario Bros. Melody erklongen huet. Mäin Handy.
“Salut Jongen, wou si dir drunn ? Mir waarde vrum Stadion a wëllen eran. Mir hunn är Tickets”

“Si dir schonn do ? Wéivil Auer hu mir dann ?”

“De Match ass an enger gudder Stonn”

“Mir sinn ennerwee!”

Schnell den Humpen ausgedronk, bezuelt an ons schnell Richtung Taxi gemeet. Eng Kéier stoe bliwwen fir Zigaretten ze kafen, am Café virdrunn hu se onsem Fëmmert Mentol verkaf, si mir dunn op der Place Wilson ukomm.
Net een Taxi do. Keng Panik, mir froen einfach e Garçon vun engen vun de sellegen Terrassen op hien ons een Taxi ruffe kann.

“Pas de problème. Pour trois ? Au Stadium ?”

“Oui, tout à fait. Merci”

“De rien!”

No enger gefillter Eiwegkeet, huet de Garçon Zäit fir unzeruffen a seet ons wéi laang mir op den Taxi waarden mussen.

“Nach 10 Minutten…” D’Nervositéit ass bal net aus ze halen, d’Hänn si schweeseg, d’Häerz schléit esou fest dat et am Kapp trommelt.

“Nach 5 Minutten, Jongen ech halen et net méi aus ! Dat Waarde mécht mëch verréckt…”
“Beroueg dech, mir packen et schonn”
“Ee Moment, ech hunn eng Iddi !”
“Hey Monsieur, vous nous ramener au Stade pour 10€ ?”
Vum Zäitdrock an der Angscht de Match ze verpasse gedriwwen hu mir e jonken Mann dest gefrott dee grad vrun ons mat sengem Brudder an säi Peugot erageklommen ass.

“Non, c’est pas assez”, klëmmt a seng al Millen eran a fiert hannertsech aus senger Parkplatz. Nach ëmmer keen Taxi do…
“Solle mir him 20€ ginn ?”
A manner wéi enger Sekonn ware mir averstaan an hunn de jonke Mann mat Kapp, Jogging a LV Posch ugehall an him dei 20€ ugebueden.

“Ok, montez !”

“C’est loin le stade ?”

“À peu près 15′”

Also wiere mir nach 30 Minutte vrum Match do, dat misst passen.

No zwou Minutte freet de 15 jäerege Brudder vum Chauffeur mat elektronescher Zigarette am Grapp:

“Si vous voulez on vous montre notre quartier, c’est chaud !
Hier encore des gars ont tiré avec la Kalasch’.”

“Non merci, on veut juste aller au match et là on est déjà en retard”

“Laisse les tranquilles.” sott dun de Chauffeur zu sengem pubertärem Brudder.
“Je suis aussi Uber ici à Toulouse.” a wierkt wéi wann hien potentiel Clients fir eng aner Kéier gewanne wëll.
No e besse Smalltalk freet de Bäichauffeur :
“Vous voulez de la drogue ? On a tout! Hasch’, Hero’, Coc’,…”
Also All-Inklusiv,… ons Blécker trëffen sech op der Réckbänk an ons grandios Iddi schéint op eng Kéier net méi esou grandios. Ee vun ons kuckt op sengem Handy no ob mir um richtege Wee sinn a mierkt dat et net de Fall ass.
Panik de Match ze verpassen gëtt ëmmer méi grouss…
“Vous êtes sûr que vous voulez pas voir la banlieue?” an den Auto beit op de Périphérique vun Toulouse.
Panik gekidnappt, beklaut an ouni Schung, schlëmmer ouni Nieren an enger Buedbidden z’erwäschen mécht sech breed.
D’Melody vum Mario Bros erkléngt nees :
“Jonge, wou si dir ?”
“Ënnerwee. Am “Taxi” mäi Kolleg um aneren Ënn vum Telefon bemierkt meng Angscht an der Stëmm net a reegt sech driwwer op dat se op ons waarde mussen.
“Wann dir ukommt muss dir bei d’Dier C kommen”
“Ok, dauert net méi laang” äntweren ech an hoffen dat mir iwwerhaapt ukommen…
No nees enger gefillter Eiwegkeet mierke mir dat onsen improviséierten Taxi sech lo um richtege Wee fënnt. Duerch geféierlech Iwwerhuelungsmanoeuvren op der Autobunn an duerno via Busspuer ereeche mir de Stadion an e grousse Steen fällt ons dräi vum Häerz.

Erlichtert klamme mir aus dem Auto, de Chauffeur rifft nach “Allez le Luxembourg !” an iergendëppes op algerësch a léisst ons zeréck.

Et bleiwwen nach 15′ a natierlech verlafe mir ons a landen op der falscher Säit vum Stadion. Fir op déi richteg Säit ze kommen musse mir also zeréck an iwwert eng Bréck déi laanscht de Stadion leeft. Mir lafen a ruffen de Kollegen un déi mat den Tickets op ons waarden.

Nach 10’a mir kommen bei de Kollegen un, kreien Ticket’en, entschellegen ons fir dat laangt Waarden, lafen zesummen Richtung Entrée vum Gäschteblock. Eng laang Schlaang steet vrun ons mä d’Organisatioun ass richteg gutt a mir kommen 5 Minutte vrum Ufank vum Match un.

D’Heemecht an d’Marseillaise erklengen an et ass den Ufank vun enger anerer verréckter Course géint d’Zäit

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.