Ee Berg voll Aarbecht

Esou haart haat wuel keen sech d’Land erwaard no dem goldene September : a Schweden haat eis Selektioun haut de Mëtten naischt ze gutt a verléiert héich mat 8:0 . Een zweifelhaften Eelefmeter huet de Léiwen fréizäiteg d’Genéck gebrauch.

Lëtzebuerg ass de Match an engem 4-4-1-1 ugaangen, mat dem Vincent Thill hannert der Spëtzt Aurelien Joachim. Da Mota iwwer lénks, Oli Thill iwwer riets, Kiki Martins an Dwayn Holter am zentrale Mëttelfeld. Just eng Ännerung an der Véirerkett gëtt et par rapport zum Exploit géint Frankräich: den Kapitän Mario Mutsch gëtt säi Comeback op der Rietsverteidegerpositioun, fir de gespaarten Laurent Jans ze ersetzen. Doniewt ass de Jänisch rechtzäiteg erem gesond,  fir zesumme mat Malget a Philipps d’Bud zesummen ze haalen. Dave Turpel an Aldin Skenderovic hun am Verglach zum läschte Match misse wäichen.

Kal erwëscht

D’Ufanksphas huet de Schwede gehéiert: no 5 Minutten kënnt ee laanke Ball aus der Ofwier bei den Augustinsson, dee vu lénks geféierlech an de Strofraum flankt. Do kënnt den Toivonen am Duell mam Jänisch zu Fall – trotzdem kee Grond, fir Elefmeter ze päifen.

Anescht leeft et dräi Minutte méi spéit: dräi Leit kréien de Ball op reits net geklärt, ee Querschläger an de Strofraum brengt de Martins am 16-Meter an een Zweekampf mam Toivonen. De Kiki spillt zwar de Ball, de schwedesche Stiermer awer dréint sëch ewech a fällt – den Arbiter päift een alles anescht wéi glaskore Strofstous…  De schwedesche Kapitän Granqvist leeft un a suergt fir déi fréi schwedesch Féierung.

D’Roud Léiwen kréien no engem éischten zaghaften Ugrëff no 12 Minutten ee Corner zougesprach. D’Thill-Bridder spillen dee kuerz, de Vicent gëtt zréck op de Mutsch, dee vu lénks an de Strofraum flankt: säi Versuch segelt bal um laange Poteau an de Gol.

No 17 Minutten déi nächst kal am Reen zu Solna: eng wäit Flank vum Lustig un d’Strofraumgrenz léisst den Forsberg op den Toivonen ofklatschen, deen an enger Touche op de Markus Berg am Strofraum weidergëtt. Den Ex-HSV-Stiermer léisst sech déi Chance net entgoen an erhéicht op 2:0.

No 26 Minutten gouf et eréischt déi éischt länger Ballbesëtzphas vun de Lëtzebuerger, ouni dass een dobäi awer fir Gefor suerge konnt. D’Schweden, déi quasi permanent mat 4 Leit am Ugrëff gespillt hunn, hunn d’FLF-Selektioun an der Defensive beschäftegt.

An der 28. Minutt käppt de Lustig no engem wäite Fräistouss an de Strofraum, ee schwedesche Stiermer ballert awer an Abseitspositioun iwwert de Kader. An der nächster Aktioun fënnt eng schaarf Flank vum da Mota kee lëtzebuerger Stiermer.

Eng geklärte Fräistousssituation erméiglecht de Lëtzebuerger eng Konterchance no 34 Minutten, allerdings sti Martins an da Mota sech am Opbauspill am Wee. Wéineg méi spéit ass de Match entscheed: Eng Feelpass vum Mutsch gett direkt vun de Schweden op de Markus Berg gespillt, deen alleng op de Joubert zouleeft. De Keeper kann säin éischte Lupfer nach paréieren, de Berg kennt allerdengs erem un de Ball a käppt den 3:0.

Déi éischt richteg Geleenheet fir d’Roud Léiwen gouf et eréischt an der 41. Minutt, wéi ee Fräistouss vum V. Thill vu rechts nemme knapp iwwert d’Laat gaangen ass.

Duebelwiessel an der Paus

War haut och vum Kevin Malget net ze halen: Markus Berg
Foto: Sportspress.lu / Gerry Schmit

Mat Gerson Rodrigues an Turpel amplaz vun den Thill-Bridder kommen d’Lëtzebuerger méi schwongvoll aus de Kabinnen. Eng flott Ouverture vum Philipps schéckt de Joachim a Richtung Gol, de schwedesche Keeper kennt allerdings gutt eraus an hällt dem Auré säi Versuch. Quasi am Géigenzuch brennt et awer erem am lëtzebuergesche Strofraum: de Forsberg spadséiert duerch de 16-Meter, scheitert um Joubert – mee de Ball land beim Berg, deen en net kontrolléiert kritt, an iergendwéi klärt de Philipps op der Linn.

No 51 Minutten endlech eng gutt Aktioun vun de Lëtzebuerger: Turpel kënnt vu lénks an de Strofraum, gëtt op de Joachim, dee leet fir de Rodrigues of, mä säi Schoss geet laanscht. D’Schweden bleiwen allerdengs weiderhin äiskaal: een Aworf land beim Berg, dee léisst de Philipps ausrutschen an dribbelt an de Strofraum fir säin drëtte perséinleche Gol ze markéieren.

Et sollt nach méi schlëm kommen: no enger Stonn de Lustig leeft dem Martins dervun an käppt de Fräistouss vu rechts duerch den Larsson um 5:0 eran. Eng Minutt méi spéit verhënnert de Joubert ee weidere Géigeogol. Machtlos war hien awer beim zweeten Elefmeter vum Granqvist, nodeems de Philipps de Ball an der 65. Minutt aus 3 Meter un d’Hand geschoss krut.

Enttäuschung pur!
Foto: Sportspress.lu / Gerry Schmit

D’Roud Léiwen probéieren trotzdem, fir den Eiregol ze schéissen. Den da Mota schléit zwee Crocheten am Stofraum, seng Flank gëtt awer ofgeblockt.No 69 Minutten kann den Olsen een Distanzschoss vum Mutsch am Nofaassen halen. Duerno käppt de Berg de 7:0 no Flank vu lénks… den Toivonen steet no enger Flank ganz alleng am Strofraum a ka volley zum 8:0 era schéissen. An der 82. trëfft den Claesson bei engem Dréischoss am Strofraum just d’Aussennetz, an der 85. lenkt de Joubert ee Gewaltschoss vum Forsberg a Corner.

Esou blouf et um Enn “just” beim 8:0 an d’Lëscht vun de Rekordnéierlagen aus 1932, 1960 respektiv 1982 gouf net em ee weidere Match verlängert. D’Ekipp gouf op brutal Art a Weis erem zréck op de Buedem vun den Tatsaache bruecht a muss elo en Dënsden doheem géint Bulgarien dofir suergen, dass déi positiv Entwécklungen aus dëser Campagne an Erënnerung bleiwen.

D’Spiller an der Eenzelkritik

Joubert: quasi all Schoss an der éischter Halschent war dobannen, woubäi hien awer keng Schold trëfft. Beim 0:3 huet hien als éischt nach gutt reagéiert. Och an der 78. klärt hie gutt no Corner. Trotz 8 Géigegoler zumindest an Normalform.

Mutsch: ongewinnt vill Fehlpassen a Spillopbau a Schwächen am Stellungsspill, Schold um 0:3. Kuerz virun der Paus verléiert hien de Ball am Strofraum. Och an der zweeter Halschent huet hien bei e puer Géigegoler schlecht ausgesinn. Definitif net an internationaler Form haut…

Philipps: Dat war leider net de Philipps vun Toulouse. Verléiert de Berg beim 0:2 ebessen aus den Aan a kann hien net um Schoss hënneren. Rutscht och beim 0:4 vum Berg ewech; kritt de Ball un d’Hand an der 65. – Elefmeter

Malget: ze oft ze wäit ewech. Ee saueren Nomëtten fir den F91-Verteideger.

Jänisch: well d’Schweden vill iwwert d’Säite gespillt hunn, hat och hien ee schwéiere Stand.

C. Martins: Verschëld ongewollt den Elefmeter zum 0:1 an ee Fräistouss wéinst engem Handspill an der 28., dee bal zum 0:3 gefouert hätt. Ni richteg an de Match komm an no 71 Minutten ausgewiesselt.

Skenderovic: an der 71. Minut beim ondankbare Stand vun 7:0 agewiesselt.

Holter: Engagéiert an der Ufanksphas, duerno awer och iwwerfuedert.

da Mota: léisst de Lustig am Réck lafen beim Fraistouss an der 28. Minut. Giel no Harakiri-Aktioun géint den Augustinsson an der 58. War un de meeschte (wéinegen) OFfensivaktioune vu senger Ekipp bedeelegt, seng Flanken waren awer haut ze schwaach.

O. Thill: huet seng Technik a Coolness enner Beweis gestallt, wéi en sech no enger Véirelstonn net wäit vum eegene Gol erausgedribbelt huet. Trotzdem si vill schwedesch Ugrëffer iwwert seng Säit gelaf. An der Paus fir den G. Rodrigues ausgewiesselt.

V. Thill: War bis op säi Fräistouss an der 41. Minutt kaum ze gesinn. An der Paus fir den Turpel ausgewiesselt.

Joachim: krut kaum Bäll an der Spëtzt, ass sech se doduerch zäiteweis op d’Säite siche gaang. Konnt trotzdem kaum eppes maachen géint déi grouss schwedesch Defense.

G. Rodrigues: an der Paus fir O. Thill komm. An der 51. Minutt Initatior an Ofschléisser vun enger gudder Offensivaktioun. Och defensif immens engagéiert.

D. Turpel: an der Paus era komm, hat hien an den Ufanksminutten 1-2 gudd Aktiounen. Duerno wéi de Rescht vun der Ekipp enner gaangen.

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.