Dir hutt eis an schéinen wéi och an schwéiren Momenter ënerstëtzt!

De Luc Holtz huet op sengem Twitter-Account een emotionale Bréif un d’Supporter vun der Nationalequip geschriwwen.

A sengem Schreiwes seet den Nationaltrainer de Fans villmols Merci fir déi formidabel Ënnerstëtzung während der WM-Quali 2018. Eng Kompagne déi vill flott an tragesch Momenter ze bidden hatt !

“Léif Supporter, léif Supporterinnen,

Am Numm vun méngem Staff, vun den Spiller an mir perséinlech soën ech Iech MERCI fir är Ënerstëtzung während der WM Quali. 2018!

Dir ward déi 10 Matcher steets ee Réckhalt an Vierbild fir d’ganz Equipe.

Dir hutt eis an schéinen wéi och an schwéiren Momenter ënerstëtzt! Nie hun ech een Päifen oder negativen Afloss vun Iech verspuert!

Ëmer ward Dir fir eis do! Nach nie haat ech sou Gänsehaut wann eis Nationalhymne gespillt gouf wéi dëss Campagne, well ech Iech héieren hun eis Heemegt sangen an daat an Präsenz vun 35.- bis 50.000 Net-Lëtzebuerger.

Déi Stärkt, Emotiounen an Stolz déi Dir eis zu Toulouse geschenkt hutt, wou een Iech géint 35.000 franzéich Supporter 90 Minuten laang héieren huët, ass net mat Wieder ze beschreiwen. Genau wou den Match an déi wichtegst Phase goung, ëmt déi 70st Minute, hun ech Iech vun der Linn héieren sangen. Et war eemoleg an bleiwt fir ëmer an méngen Gedanken.. MERCI.

Dee selwechten Stolz hutt Dir eis nach eemol géint Bulgarien verbreed, wou mir nôm Match eis Ronn gemach hun. Dir ward GROUSS.

Dir hutt 10 Matcher éng super Performance gewisen an besonnech wëll ech ärd Behuelen erfierhiëwen, well et Nie zu Krawallen oder Ausernaanersetzungen koum! Mäin déiwsten Respekt!

Daat ass haut net méih selbstverständlech! Macht weider sou.

Net vergiessen wëll ech awer och d’Scènen zu Sofia, wou mir op éng brutal Art an Weis an der 93er Minute verluer hun an Dir nom Match beim Hotel op d’Jongen geward hutt an phantastesch Ënerstetzt hutt! Daat war den Ufank vun énger eemoleger Quali.! Formidabel war Dir!

Ech hoffen dass ech Iech mat dësen puer Zeilen kann e bëssi remgin waat Dir eis déi läscht 14 Méint un Freed an Gefiller geschenkt hutt an verbleiwen mat groussem Respekt an eenormer Dankbarkeet!

“Rouden Léiw huël Se!”

Ären Trainer an säin TEAM

Luc HOLTZ “

 

Merci Trainer, de Fonken ass an der Lëscht och oft vum Terrain op d’Tribune gesprongen. Mir soë merci fir 100% Engagement !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.