“Eng Aart inoffiziellen Ambassadeur”… oder: scho rem 10 vun 10!

Fir d’drëtte Kéier hannerteneen huet de CK, hei op huelse virun allem als Auslandkorrespondent fir „exotesch“ Auswäertsmätcher aktiv, allen 10 Qualifikatiounsmätcher vun de Roude Léiwen gesinn.

“De Kuip” zu Rotterdam – hei hunn d’Rout Léiwen am Juni 2017 gespillt

Luiz: “CK, fir d’drëtte Kéier hannerteneen hues Du all Mätch vun de Roude Léiwen an der Qualifikatiounscampgane gesinn – an domatt säit ronn 6 Joer kee Pflichtmätch vun de Lëtzebuerger méi verpasst. Wat ass déng Haaptmotivatioun ëmmer wëllen derbäi ze sinn?”

CK: “Ma ech reesen enorm gären, well eppes vun der Welt gesinn, nei Platzen a Leit kenneléieren an ech hun Fussball enorm gären. Also kombinéieren ech béides. Et mécht och enorm vill Spaass eis rout Léiwen ze ënnerstëtzen, well ee säit Jore richteg Fortschrëtter, spilleresch an och vun de plakege Resultater hir, gesäit. D’Spiller, den Trainer an d’Verbandsfunktionäre sinn och ëmmer ganz fein mat de Supporter, mir sinn eng richteg Eenheet, zesumme feiere wéi zu Toulouse am Hotel an an der Disco inclus.
Ech gesi mech selwer och- ganz onbescheiden- als eng Aart (inoffiziellen) Ambassadeur vu Lëtzebuerg ;-)”

Zefridde Gesiichter nom Remis a Frankräich

Luiz: “Lëtzebuerg huet an enger „Hummergrupp“ 6 Punkten geholl an ass domatt 5. ginn. En zefriddestellend Resultat oder?”

CK: “Ee supert Resultat. An vun de gewisene Leeschtungen hir och absolut verdéngt. No der Auslousung war ze fäerten datt ee vleit iwwerhaapt kee Punkt kritt (ouni onbedéngt musse schlecht ze spillen), einfach wéinst de staarke Géigner, mee elo sinn et der tatsächlech 6 vu méiglechen 30. An mir sinn net Leschten, mee ëmmer nach virun de Wäissrussen, déi eis nawell leien. Chapeau, Jongen !”

Luiz: “Den éischten Auswäertsmätch vun der Campagne hu mer ganz onglécklech mat 4-3 zu Sofia verluer… de leschten mat engem blamabelen 8-0 zu Solna. Wéieng Néierlag huet méi wéi gedoen?”

Eng Vue op Stockholm, sonndes Moies nom 8-0 Debakel

CK: “Äppel a Biren… Sofia war emotional vill méi batter, wëlls de amfong ee Punkt verdéngt gehat häss, zudeem louch grad emol eng Minutt tëschent dem 3-3 an dem 4-3, dat war vum Himmel an d’Hell a 60 Sekonnen, mee do waars du awer enorm houfreg op d’Equipe, iwwert hir Leeschtung, während een zu Stockholm rosen an enttäuscht war. Sech an der zweeter Halschent esou ofschluechten ze loossen, war Léiwen onwierdeg. Mee ech well betounen datt dat wierklech just een Ausrutscher war. Iwwert ganz Campagne gekuckt, sinn ech déck zefridde mat de Jongen.”

Luiz: “Wat ass der déi lescht Sekonnen während dem Mätch zu Toulouse duerch de Kapp gaangen?”

D’Freed war grouss zu Toulouse

CK: “Einfach just datt den Arbitter endlech ofpäife soll fir datt sensationell Fussballgeschicht geschriwwe gëtt. Fir mech ass de Punkt zu Toulouse op enger Stuf mam Sig zu Zürech. Hätte mir esouguer gewonne, wier et fir mech de gréisste Sig aller Zäite fir eist Land gewiescht.”

Luiz: “Ech hoffe mat der Fro iwwert déi lescht Sekonnen net zevill virgegraff ze hunn – mee wat ware fir dech déi memorabelste Momenter an deser Campagne?”

CK: “Toulouse- definitiv alles. De Match selwer an awer och déi wahnsinneg Party duerno. Sofia war och flott trotz der Nidderlag, well wéini schéisse mir schonns dräi Goaler auswäerts? Dat war… wow. An da Borisov. Nëmmen de Guy Braun an ech als Supporter matgereest an dann hëls de, iwwer wäit Strecken nach an Ënnerzuel, esou een Duselpunkt duerch ee schéine Fräistoussgoal vum Auré. Dat war schéin an iergendwéi ausgläichend Gerechtegkeet no Sofia. An natierlech den eenzege Sig doheem géint Wäissrussland. Dan da Mota Fussballgott ;-)”

Ob d’Nations League de CK eng drëtte Kéier a Wäissrussland féiert? Schon 2015 an 2016 war de CK auswäerts derbäi.

Luiz: “Weider geet et no der WM a Russland mat der Nations League – hues de och do wëlles alles kucken ze goen?”

CK: “Gutt méiglech, mee emol kucke wat geloust gëtt.”

Luiz: „D’Qualifikatioun ass domatt elo quasi eriwwer, just nach d’Barragemätcher stinn aus. Ofschléissend Fro: wee gëtt da Weltmeeschter 2018?“

CK: Däitschland huet erëm gutt Chancen. Awer och Spunien a Frankräich.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.