Den Owend wielen Sportsjournalisten am Casino 2000 de Sportler vum Joer. Ënnert denen 9 Nominéiert sinn dräi Léiwen. Nieft Jeff Henckels, Dirk Bockel, Laurent Carnol, Bob Jungels, Raphaël Stacchiotti a Gilles Müller ass den Trio Gerson, Mutsch a Joachim. Et gett wuel eng ganz enk Entscheedung well et kee richtege Favorit dëst Joer gett.
Mir drecken natierlëch onse Futtballisten d’Daumen ! Vill Gléck Jongen
Bei allem Respekt fir d’Leeschtunge vun all deenen aneren Nominéierte, suwuel vun de Fussballspiller wéi och vun deenen anere Sportler, denken ech perséinlech dass den Aurélien Joachim den Titel am meeschte verdéngt hätt. Hien hat e groussen Undeel drun dass Diddeléng an der Coupe d’Europe sou gutt Resultater gemaach huet, huet gutt Leeschtungen am FLF-Trikot bruecht a virun allem hat hien de Courage op Tilburg an d’1.hollännesch Liga ze wiesselen an ass do direkt Stammspiller ginn.
//sport.rtl.lu/news/aktualiteit/362857.html
Keen vun den dräi Futtballspiller hunn et an top dräi bruet. Beschten Equipe gouf awer den F91 Diddeleng.