Laang genuch hu mir elo dorobber gewaart a muer geet d’Nations League endlech un. Kritiséiert vu ville Säiten, wénkt um Ënn vun dëser néier Kompetitioun vun der UEFA ee Billjee fir d’Europameeschterschaft 2020. Eng gëllen Geleeënheet fir vill kléng Verbänn déi et soss duerch déi traditionell Qualifikatioun ganz schwéier hunn fir sech fir d’Europäesch Turnéier ze qualifizéieren.
Fir den Dram vun all Lëtzebuerger Supporter z’erméigleche mussen dem Luc Holtz seng Männer San Marino, Wäissrussland an, de Gaascht vu Muer, Moldawien an der Tabell hannert sech loosse fir an enger K.O. Ronn ( Halleffinall a Final) den Titel vun der Divisioun D ze gewannen an d’Qualifikatioun fir d’Euro2020 ze validéieren.
Dreemen ass zwar schéin mä loosst ons elo kuerz nees op den Teppech kommen an ons op den Terrain konzentréieren.
Dat ons an onser Nationalequipe dëst geléngt dofir huet um Dënschden schon de Jeff Saibene a seng Arminia vu Bielefeld gesuergt. Duerch eng desolat éischt Halschent géint den däitschen Zweetligist hu mir net nëmme mat 1-4 verluer mä och d’Euphorie, déi duerch de gudde Resultater aus der rezenter Vergaangenheet vun onse Léiwen an dem heroesche Parcours vum F91 ,an net ze vergiesen der ganz gudder Leeschtung vum Progrès, an der Europa League, gouf am richtegen Ament gebremst. Wéi de Paul Philipp fréier ëmmer gesot huet : «Et ass ëmmer geféierlech wa mir ons ze schéi gesinn».
De Rappell koum also mat Zäiten. Och wa mir um techneschem an takteschem Plang ville Natiounen net nëmmen Paroli bidde mä esouguer, carrement, besser sinn dierfen Wäerter wéi Kämpfen an Dogéint-halen net vergiess ginn. Moldawien ass e Kandidat deen net op Lëtzebuerg kënnt fir Figuratioun ze maachen mä dee grad esou vill Bock op den Euro-Ticket huet wéi mir. Och wa se a leschter Zäit kaum gewonnen hunn, et muss en bis op den 19.03.2017 zréck kucke fir eng Victoire ze fannen (/ 2-0 a San Marino), däerf en d’Gaaschtland vun onsem Sheriff Gerson net op déi liicht Schëller huelen. Och wa seelen e positiivt Resultat erauskënnt ass Moldawien alles aneschtes wéi Kanounefudder. Zum Beispill konnten se géint déi Éisträicher, déi ons mat 4-0 geklappt hunn, d’Néierlag op en 0-1 kléng halen a géint onsen Angschtgéigner Israel konnten se esouguer mat 1-1 gläichspillen. Et kann een sech op eng physesch Equipe, déi déif stoe wäert a mat groussem Engagement op d’Areler Strooss kënnt, astellen. Mat Schéispillerei gewanne mir vläicht nom Match e Petzi op der Fouer mä dat geet ons méi duer.
Wann de Nationaltrainer also déi richteg Wierder fënnt fir Jans a co op de Match anzestëmmen an och déi richteg Réckschlëss aus dem läschten Testmatch zitt da kéinte mir e ganz gudde Start an d’Nations League Saison erwëschen.
Et kënnt een net derlaanscht ons Léiwen als Favorit fir dës Partie ze gesinn. Wann ee vergläiche wëll a mir blécken och bei ons bis an de Mäerz 2017 zeréck da sti bei ons 5 Néierlagen (Frankräich, Kap Vert, Holland, Schweden an Éisträich), 3 Gläichspiller ( géint de spéidere Weltmeeschter Frankräich , Bulgarien, Senegal) a 5 gewonne Matcher (Albanien,Wäissrussland, Ungarn, Malta a Georgien) an onsem méi wéi positivem Bilan. Donieft hunn ons Rout Léiwe och säit 5 Joer kee «Fouermatch» méi verluer ( 1mol gläich, 4 mol gewonnen). D‘Zuele schwätze fir eis.
Et läit also ganz un eis an d’Dreemen ass weiderhin erlaabt.