D’Weltmeeschterschaft 2018 ass säit knapp zwee Méint eriwwer. Niewt de Biller vun de grousse Momenter géint Enn vum Tournoi, wou eis franséich Noperen mat der Coupe hiren zweete WM-Titel feieren oder eis belsch Noperen de Matfavorit Brasilien eliminéiert hunn, bleiwen wahrscheinlech net just mir, mee och villen anere Supporter aus Lëtzebuerg nach ganz aner Momenter an Erënnerung:
De Gol vum Alfred Finnbogason, wouduerch dem 350.000-Awunner-Stat Island direkt a séngem éischte WM-Mätch géint den zweemolege Weltmeeschter Argentinien e Remis gelongen ass oder d’Freed vu Panama, wéi dem agewiesselte Felipe Baloy den 6-1 Eiregol géint England gelongen ass…
An deene Momenter hu sëcherlech vill Lëtzebuerger Supporter sech gefrot, wat da misst geschéien fir dass Lëtzebuerg och eemol bei sou engem groussen Turnéier kéint derbäi sinn… an duerfir hei eemol am Detail de Modus vun der Nations League erkläert, ier dëss grouss Aventure fir d’Rout Léiwen lass geet!
1. Wat ass déi Nations League?
Un der UEFA Nations League 2018/2019 huele 55 Ekippen deel. Dëss Ekippen ginn op véier Niveauen agedeelt. Déi véier Niveauen ginn Ligen genannt. An der Liga A, spillen Ekippen ewéi Däitschland a Frankräich, an der Liga B ënner anerem Dänemark an Tschechien, an der Liga C zum Beispill Finnland an Estland…
Relevant fir d’Opdeelung an dëss 4 Ligen war den UEFA-Koeffizient vun all Ekipp am Oktober 2017. Fir d’Nations League ze gewannen muss een d’office an der Liga A spillen. Et ginn et Halleffinallen a Finallen am Juni 2019… mee dat ass deemno net eise Problem.
Lëtzebuerg spillt op deem „nidderegsten“ Niveau, an der 4.Liga, der sougenannter Liga D (och alt Divisioun D genannt). An dëser Liga D sinn insgesamt 16 Natiounen vertrueden. Aus dëse 16 Natiounen si véier Gruppen vu jeweils 4 Länner geloust ginn. Sou ass Lëtzebuerg an der Grupp 2 vun der Liga D – hei treffen d’Rout Léiwen op San Marino, Moldawien a Wäissrussland.
2. Wéi leeft déi Liga D of?
Géint dëss 3 Gruppegéigner spillt Lëtzebuerg jeweils zweemol – eng Kéier doheem an eng Kéier auswäerts. No dëse Gruppemätcher gëtt et logescherweis eng Tabell. Dëss Tabell ass no de leschte Gruppemätcher, am November 2018, komplett. Et gëtt duerno nach eng Zort Generalklassement vun der Nations League 2018/2019 gemaach. Do kommen d’Ekippen aus der Liga D d’office op d’Plazen 40-55. D’Gruppegewënner wierten heibäi d’Plazéierungen 40-43 beleen.
Dësst Generalklassement aus der Nations League fléisst an d’Opdeelung an d’Lousdëppen fir d’EM-Qualifikatioun an. Iwwert d’EM-Qualifikatioun ginn dann 20 vun deene 24 Startplazen op der Europameeschterschaft 2020 verginn. Dëss Quali geet am Mäerz 2019 un. D’Gruppemätcher sinn am November 2019 fäerdeg. Well et dëss Kéier 10 Quali-Gruppen sinn aus deenen all Kéier déi zwee éischt op d’EM fueren, ginn et keng Barragemätcher am klassesche Sënn.
Vun deene 4 anere Startplazen fir d’Europameeschterschaft steet eng all Liga aus der Nations League zou. An der Liga D ass et, soufern keng Ekipp aus der Liga D sech iwwert déi „normal“ EM-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert – esou dass déi 4 Gruppegewënner an de Playoffs d’Startplaz fir d’Europameeschterschaft ausspillen.
Sollten eng oder e puer Ekipp(en) aus der Liga D sech schon iwwert d’normal EM-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert hunn, réckelen déi bescht aner Ekippen an d’Playoffs no. Hei gëtt dann d’Generalklassement vun der Nations League gekuckt, et ass also NET zwéngend esou dass eng Ekipp aus där selwechter Grupp noréckelt.
3. Wéi lafen d’Playoffs of?
An dëse Playoffs vun der Liga D, dann och „Playoffs Path D“ genannt ginn et dräi Mätcher: zwou Halleffinallen an eng Finall!
An den Halleffinallen, grad ewéi an der Finall, gëtt et jeweils just ee Mätch. Déi Ekipp, déi an der Gruppephas besser ofgeschnidden huet, spillt d’Halleffinall doheem. Et gëtt also net wéi an der Coupe d’Europe mat Hin- a Réckmätch gespillt. D’Heemrecht an der Finall wiert ausgeloust ginn.
Dëss Halleffinallen ginn tëscht dem 26. an dem 28.Mäerz 2020 gespillt. D’Finall gëtt tëscht dem 29. an dem 31.Mäerz 2020 gespillt.
D’Ekipp aus der Liga D, déi dëss Finall Enn Mäerz 2020 gewënnt, fiert dann 2020 op d’Europameeschterschaft! Ob dann a Georgien, Lettland, Kasachstan, Andorra, Wäissrussland, Moldawien, San Marino, dem Aserbaidschan, Kosovo, Malta, Mazedonien, Armenien, Gibraltar, op de Färöer, am Liechtenstein oder heiheem gefeiert dierf ginn, wësse mer spéitstens de leschte Mäerz 2020.