Nom historesche 4-0 vun e Samschdeg steet och schonn den 1. Auswäertsmatch vun der Nations League virun der Dier. Fir ons Léiwe geet d’Rees dës Kéier an den Zwergstaat San Marino, dee vu senger Taille hir ongeféier d’Gréisst vun eisem Mëllerdall huet!
Dem engen oder aneren dierft et elo wuel och schwéier fale,fir no eiser fantastescher 2. Halbzeit géint Moldawien net un e weidere “Kantersieg” (wien hat geduecht, dass mir dat Wuert jee kéinte fir eis benotzen?!) ze gleewen, besonnesch wann ee bedenkt, dass et nominell géint eng vun deene schwächsten Equippen op der Welt geet (Nummer 203 an der Fifa-Ranglëscht). Vun engem “Zwergenduell” kann een deemno net méi schwätzen!
Déi grouss Erfolleger vu San Marino a Qualifikatiounsmatcher resüméieren sech dann och op 3 Gläichspiller an deen een oder anere Gol. Déi bis elo eenzeg Victoire gouf et 2004 an engem Frëndschaftsmatch géint Liechtenstein (1-0).
2004, dat seet Iech eppes?
Eis Fussballstatistiker wëssen natierlech direkt, dass de gréisste Succès an der San-marinesescher Fussballgeschicht ironescherweis grad an dem Joer stattfonnt huet, an dem hiren deemolege Géigner eis am Stade Josy Barthel mat 0-4 virgefouert huet a fir ee vun deenen däischterste Momenter an eiser Fussballgeschicht gesuergt huet.

Dës Tatsaach eleng sollt eis vläicht hëllefe fir dëse Match mat der néideger Portioun Demut unzegoen, well, och wann et eng Floskel ass, all Match erëm bei 0-0 ugeet an d’San-Marinesen dës Nations League och sécherlech wëllen notze fir hir Bilanz ze verbesseren.
Desweideren gëtt et interessant ze gesinn wéi eis Léiwen d’Roll vum haushéije Favorit (e weidere Begrëff dee mer an eise Repertoire mussen ophuelen!) wäerten unhuelen. Auswäerts de Match musse maache géint e Géigner dee sécherlech senger üblecher Defensivtaktik wäert trei bleiwen, ass en Zeenario deen ee quasi net an engem Frëndschaftsmatch übe konnt. Ausserdeem kéint dëse Match och zu engem Gedoldsspill gi, wou et drëm goe wäert fir d’Nerven ze behalen, näischt direkt ze forcéieren a keng onnéideg Kaarte sichen ze goen.

Et bleift deemno spannend wéi eng taktesch a spilleresch Varianten de Luc Holtz mat eise Jongen trainéiert huet fir dëse “match piège” erfollegräich ze gestalten. Eise Léiwendompteur huet op allefalls schonn ugekënnegt, dass et eng Rei Verännerungen an der Startopstellung kéinte ginn. Loosse mer eis also iwwerraschen an hoffe mer, dass dës flott Auswäertsrees e genau sou schéint Enn wéi e Samschden Owend fanne wäert.
Laut den Informatioune vun huelse.u wäerten eng Ronn 50 héich motivéiert Lëtzebuerger Supporteren am Stadio Olimpico zu Serravalle dobäi sinn, esou dass eis Jongen op déi néideg Ënnerstëtzung ziele kënnen.