Leader bleiwwen !

Muer den Owend probéieren ons Roud Léiwen zu Minsk d‘Platz vum Tabelleleader ze vertéidegen.

D’Lëtzebuerger Nationalequipe huet bis zu dësem Spilldag fäerdeg bruet a sengem Grupp mat 6 Punkten no 2 Matcher d‘Platz un der Sonn ze ergatterern.

Mam 4-0 doheem géint Moldawien a mat der 3-0 Auswaertsvictoire a San Marino hunn dem Luc Holtz seng Männer e gudde Gronnstee geluet fir déi erhoffte Qualifikatioun fir d‘Hallef-Final vun der Ligue D. Dëst gëllt et muer zu Minsk geint de Favorit Wäissrussland ze bestätegen. Wa se et wierklëch fäerdeg brénge géiwen, déi dräi Punkten mat Heem ze huelen an de Méinden och géint San Marino erfollegräich vum Terrain ginn, da kéinnt e vun engem perfekte Szenario schwätzen.

Et läit also vill Drock op der Equipe vum Igor Kriushenko a mat engem Ausrutscher géint Lëtzebuerg kéinnt een den Dram vun der Deelnahm op d‘Euro 2020 fréizäiteg begruewen. Ënnerschätzen wäerten „d‘Wäiss Flillecken“ ons Jonge net s mir mussen ons op e besonneg motivéierten an engagéierte Géigener astellen. Och wa muer um Bou kee Star, wéi fréier den Hleb ze fannen ass, muss een d‘Wäissrusse mat vill Respekt begéinen. Den 1-1 dee mir beim läschte Match op wäissrusseschem Bueden erkämpft hunn bléift bei ville Spiller a Fans als „schmeichelhaft“ an Erënnerung an ouni eng Topleeschtung vum Moris an engem ofgefälschtem Fräistouss vum Joachim wäre mir mat éidelen Hänn erëmmkomm.

Et erwart also e spannenden a wichtege Match ons Fussballnationalequipe muer um 20:45 (21:45 Lokalzäit) an der wäissrussescher Haaptstadt. E Match deen ons erlaabe géiw de groussen Draam wéider ze liewen !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.