Avanti !

No der 1-0 Néierlag vrun 3 Deeg zu Minsk trëffen ons Roud Léiwen haut um 20:45 doheem op San Marino. Déi dräi Punkten si Pflicht wann een an engem Mount déi erdreemten 1te Platz an d‘Qualifikatioun fir d‘Finalspiller vun der Liga D z‘ereeschen.

Schéin wat de Match a Wäissrussland net, doriwwer brauch een net ze diskutéieren mä schlecht war et och net. D’Léiwen hatten an der zweeter Halschent zwou Grousschancen (Kappball O. Thill, schlechte Kontroll vum Turpel bei gudder Aschossgeléigenheet) an waren déi dréckend Equipe. Mat méi Präzisioun hätt et rabelle kënne,solle, mussen. Schold dorunner war déi grouss Intensivitéit an den Dueller mat der Spiller vun der Heemequipe. Et war, et däerf een et net vergiessen, de Spëtzematch vun onsem Grupp.

Intensiv wäert de Match haut net ginn mä et gëllt och sech net sëlwer ënner Drock ze setzen. Et wier natierlech fuerdernd wa mir, wéi schonn zu Serravalle, esou fréi wéi méiglech e Goal schéisse géiwen mä och wann et ons net geléngt muss e kille Kapp behale ginn a mat voller Iwwerzeegung wéidergespillt ginn.

Feelen mecht nieft de bekannte Verletzten Gerson a Mutsch, de Kevin Malget. Beim Aurélien Joachim kéinnt et och net duergoen. Béid Spiller hu sech a Wäissrussland beim Match verlëtzt. B

Viraussichtlech Equipe:

3-4-3

Moris/ Chanot, Philipps, Mahmutovic/ Jans, O.Thill, Martins, Carlson/Sinani, Turpel, V.Thill

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Avanti !

  1. Fernand 15. Oktober 2018 at 14:05

    Raym
    Ech kann dir net 100% zoustemmen, de Match zu Minsk war richteg schlecht. Vill onnéideg an ze séier Ballverloschter, falscht Stellungsspill asw.
    Egal, dat kann mol passéiren, mee haut gëllt et eng Reaktioun ze weisen an all richtege Supporter soll der Equipe weisen, daß een haut do as fir sie ze ennerstetzen.
    Bis den Owend

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.