Duerch d‘Mauer op déi éischte Platz !

D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt vru 3.000 Léit mat 3-0 géint San Marino a klëmmt duerch de 0-0 vu Wäissrussland géint Moldawien op déi éischte Platz vum Grupp 2 an der D Liga vun der Nations League.

Beim Ubléck vun der hellewull vu sanmarinesesche Spiller am eegene Strofraum hunn déi eeler Zuschauer sécher déi eng oder aner Kéier missen un ons eegen Nationalequipe vu vrun 20 Joer denken a sech immens gefreet hunn dat dës Zäiten definitiv zur Vergangenheet gehéieren. De Kontrast zwëschen der ultradefensiver Taktik vun de Gäscht an dem fléissendem Offensivspill vum Holtz senge Männer hätt net méi grouss kéinnte sinn… d’selwescht bei der technëscher Qualitéit an der Athletik vun de Spiller.

De Grand-Duché huet vun Ufank bis zum Schluss Platz an der Halschent vun der eelster Republik vun der Welt ageholl an d‘Gäscht ënner Drock gesat. Ganz geschéckt hunn d‘Léiwen de Géigener mat schnelle Dribblings, enger gudder Ballzirkulatioun a gescheite Spillverlagerungen ausserneen geholl an de, sech biddendem, Raum ze notze gewosst.

Den Danel Sinani war kaum ze stoppen

Beispill gefälleg ? No 4 Minutten erkämpft sech de Barreiro de Ball am Mëttelfeld, gëtt de Ball op de Vincent Thill, dee schéckt de Jänisch op der lénker Säit an d‘Déift a seng Flank op den zweete Poteau gett vum erastiermenden Dave Turpel äiskall genotzt. 1-0 fir Lëtzebuerg an d‘Gedoldsspill war scho bal eriwwer.

Lëtzebuerg huet wéider dominéiert mä léider ware mir ze onpräzis bei der läschter Pass, beim Fräistouss oder beim Schoss op de Goal. An trotzdem war et eng Freed ze gesinn wéi d‘Equipe ëm d‘Edeltechniker Sinani an d‘Gebridder Thill et ëmmer nees verstaan hunn de Géigener ausserneen ze huelen an hier Matspiller gekonnt an Szen ze setzen. Hervirhiewen muss en dobäi den Alterduerchnëtt vun der Equipe déi gëschter de Match ugefangen huet. Mat 23,45 Joer esou eng clever spillerësch Leeschtung, och géint e schwache Géigener, op d‘Stéck ze bréngen ass wonnerbar. Wann ee nëmmen d‘Mëttelfeld an ons Offensiv kuckt da läit den Altersduerchnëtt bei nëmmen 20,67 Joer. Den Entwécklungspotential vun der Equipe ass nach an de Kannerschong.

An der zweeter Halschent huet de roude Stuerm wéider um Terrain vum Stade Josy Barthel gebloosen. „D’Serenissima“ huet an der 52 Minutt no engem gutt geschossenem Fräistouss aus Ronn 30 Meter e Corner krutt. Op dësem spréngt de Simoncini am héijsten mä ka säi Käpper net op de Goal brengen.

War dëst lo den Ufank vun der San Marinesecher Revolt ? Nee, ons Léiwen hunn den Drock lo nach méi erhéijt. No ganz gudde Chance fir de Vincent Thill an de Barreiro ass et schlussendlech den Danel Sinani deen an der 62ter mat sengem lénken Zauberfouss alles kloer mecht. Zwëschenzäitlech huet de Gasperoni no engem Ieleboucheck am Chris Philipps senger „Salle à manger“ mat enger giel-rouder Kaart den Terrain verloossen.

Den „Dr“ Ralph Schon konnt näischt fir dem Chris säin Zannt maachen

Et war awer nach net fäerdeg wëll an der 75 Minute konnt de Vincent Thill seng bäschte a kompletste Leeschtung am Lëtzebuerger Dress mam 3-0 kréinen. Dëst no enger flotter „Passe en retrait“ vum Dave Turpel.

Ons Léiwen kënnen de 15te November am Heemmatch géint de Favorit Wäissrussland mat engem Sieg net nëmmen den Opstieg an Liga C mä och d’Qualifikatioun fir d’Halleffinal fir de Championstitel kloer maachen. An net ze vergiessen dat de Champion vun der Liga D sech fir d‘EM 2020 qualifizéiert.

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.