Gutt zwee Méint ass et hier, dass mer mat de Roude Léiwen a San Marino waren. Et war eng flott Auswäertsrees, mir hunn am San Marino Stadium mat 0-3 gewonn an et goufen 3 Punkte fir Lëtzebuerg.

A genau do, um Fouss vum Titanbierg zu Serravalle, gëtt e Sonndeg den Owend d‘Partie tëscht San Marino a Wäissrussland gespillt. Dëse Mätch ass wahrscheinlech déi lescht Chance fir d‘Rout Léiwen, d‘Playoffs awer nach ze erreechen.

Fir iwwerhaapt emol nach u Wäissrussland erunzekommen ass eng Victoire zu Chisinau fir Lëtzebuerg Grondviraussetzung. An allen aneren Szenarien brauche mer guer net unzefänken mat rechnen oder zidderen – wa mer zu Chisinau net gewannen ass Lëtzebuerg net Gruppenéischten. Point final.

Wa mer gewannen, da musse mer op e Wonner vu Serravalle hoffen. Wäissrussland läit momentan 2 Punkte viru Lëtzebuerg. Sollt Wäissrussland gewannen ass och alles anescht egal, da behalen d‘Wäissrussen hiere Virsprong a spillen Playoffs. Sollt Wäissrussland gläich spillen a Lëtzebuerg gewannen si béid Ekippe punktgläich. Dann ass Wäissrussland allerdéngs wéinst dem direkte Vergläich Gruppenéischten.

Lëtzebuerg muss also drop hoffen, dass San Marino doheem géint Wäissrussland gewënnt – a selwer natierlech de Mätch e Sonndeg gewannen.

Ze erwähnen bleiwt allerdéngs och, dass, am Fall wou ee vun de véier Gruppenéischten aus der Divisioun D vun der Nations League sech iwwert déi „regulär“ Qualifikatioun fir d‘EM 2020 qualifizéiert, de beschte Gruppenzweeten an d’Playoffs noréckelt. Och fir dësen Szenario wier et enorm wichteg fir d‘Rout Léiwen, zu Chisinau ze gewannen.

Share: