5-2-3… wat sech op den éischte Bléck ugesäit ewéi eng Opstellung vun engem Helenio Herrera, Otto Rehhagel oder Louis van Gaal ass a Wierklechkeet soss näischt ewéi d’Bilanz vun de Lëtzebuerger Lännermätcher aus dem Joer 2018. Fënnefmol hunn d’Rout Léiwe gewonn, zweemol gläich gespillt a just dräimol verluer.

5 gewonne Mätcher goufen et fir d’Rout Léiwen dësst Joer – dat sinn der esou vill ewéi an alle Joren vun 1974 bis 2006 zesummen. Dass d’Supporter um Enn trotzdem irgendwéi enttäuscht waren well d’Playoffs verpasst goufen ass a mengen Aan e ganz gudde Beweis dofir, dass d’Richtung, an déi de Lëtzebuerger Fussball sech beweegt stëmmt. Duerch dëss Leeschtungssteigerunge vun de Roude Léiwen an de leschte Joer ass en Usprochsdenken do, dat viru 15 Joer nach kee Mënsch fir méiglech gehal hätt!

Ugaangen ass dësst Joer alles mat engem Testmätch op Malta den 22.Mäerz. Lëtzebuerg gewënnt duerch e spéide Gol vum Kevin Malget mat 0-1!  Puer Deeg drop hunn d’Rout Léiwen e schlechten Dag erwëscht a sinn an engem Testmätch mat 0-4 heiheem géint Eisträich ënnert d’Rieder komm. An zwee weideren Testmätcher virun der Summerpaus goung et dun awer rem besser: 0-0 spillen d’Rout Léiwe géint de Senegal gläich a Georgien gëtt mat 1-0 geschloen, dëss Kéier duerch e Gol vum Aurélien Joachim.

No der WM an der Summerpaus war et endlech souwäit: d’Nations League, eng historesch Chance fir déi „kleng“ Fussballsnatiounen ass lassgaangen.

Lëtzebuerg huet e perfekte Start an dëss Kompetitioun fonnt. De Fouermätch vum 8.September 2018 géint Moldawien hunn d’Rout Léiwen heiheem mat 4-0 gewonn. D’Goler op dësem 1.Spilldag goufe vum Kevin Malget, Olivier Thill, Daniel Sinani a Kiki Martins geschoss.

Dräi Deeg drop zu Serravalle ka Lëtzebuerg noleen – a gewënnt auswäerts a San Marino duerch Goler vu Chanot, Joachim a Sinani mat 0-3. Op dësem 11.September zu Serravalle spillt de Mario Mutsch säin 99.Lännermätch – a léist domatt de Jeff Strasser als Rekordnationalspiller of.

Um duebele Spilldag am Oktober geet et a Wäissrussland – wou d’Léiwen den éischte Réckschlag an der Kompetitioun mussen astiechen. 1-0 fir Wäissrussland geet dëss Partie den 12.Oktober zu Minsk aus. Dräi Deeg drop am Méindesmätch géint San Marino ka Lëtzebuerg awer rem gewannen. Duerch Goler vun Turpel, Sinani a V.Thill geet dëse Mätch och mat 3-0 op en Enn.

Déi zwee lescht Lännermätcher vun de Roude Léiwen waren um duebele Spilldag am November. Virum zweetleschte Mätch louch Lëtzebuerg mat 9 Punkten un der Tabellespëtzt. Wäissrussland huet op Plaz 2 mat 8 Punkte gelauert. Moldawien hat 5 Punkten an zumindest theoretesch och nach eng Chance Gruppenéischten ze ginn.

Den Donneschdeg, 15.November 2018 hätt kënnen an d’Lëtzebuerger Fussballsgeschicht agoen. Eng Victoire vun de Lëtzebuerger hätt e Véier-Punkte-Virsprong an der Tabell an domatt déi sëcher Qualifikatioun fir d’Playoffs bedeit… mee e gewësse Stanislav Dragun hat eppes dergéint. Wäissrussland war op dësem Donneschdegowend op der Arëler Strooss einfach déi méi staark Ekipp an duerch zwee Goler vum Dragun geet de Mätch mat 0-2 op en Enn.

Lëtzebuerg gëtt domatt d’Tabelleféierung of an ass um leschte Spilldag drop ugewisen, dass Wäissrussland a San Marino Punkten hänke léisst…

…dat sollt awer leider net geschéien. Wäissrussland setzt sech de 15.11.2018 zu Serravalle mat 0-2 duerch a spillt domatt d’Playoffs. D’Rout Léiwen huelen zäitgläich duerch e Gol vum Stefano Bensi en 1-1 Remis zu Chisinau géint Moldawien – an domatt den zéngte Punkt an der Gruppephas.

„Mir gewannen zesummen a mir verléieren zesummen, a wat am wichtegsten ass, mir stinn ëmmer rem op an et geet ëmmer weder. Léiwen déi kënne falen mä se stinn ëmmer erem op a kommen nach méi staark zréck.“ hunn d’Kollegen aus dem M-Block no dësem duebele Spilldag an engem Communiqué geschriwwen – richteg esou!

E leschte groussen Datum fir d’Lëtzebuerger Fussballsnationalekipp war den 2.Dezember, wou d’Gruppephas fir d’Europameeschterschaftsqualifikatioun ausgeloust gouf. Lëtzebuerg trëfft do bekanntlech d’nächst Joer an enger Fënnefergrupp op Portugal, Serbien, d’Ukraine a Litauen.

Ofschléissend wëll ech, am Numm vun der ganzer Ekipp vun huelse.lu, Iech alleguer e glécklecht a gesond Joer 2019 wënschen.

 

 

 

 

 

 

 

 

Share: