“Fussball ass mäi Liewen a mäi Liewen ass de Fussball” – en Interview mat enger Trainerlegend!

De 25.Mäerz gëtt héchstwahrscheinlech Fussballsgeschicht geschriwwen : eng Selektioun vu Lëtzebuerger Supporter trëtt géint d’Kollegen aus der Ukraine un.

Dëss Lëtzebuerger Ekipp besteet aus M-Block Fanatics, Compadres Tridefa, der Missioun Grottekick, eiser Huelse-Redaktioun an enger Rei aner Supporter vun der sougenannter « richteger Nationalekipp ».

De Mätch gëtt um 17 Auer zu Hueschtert um syntheteschen Terrain ugepaff. Dir sidd selbstverständlech alleguer agelueden eis Ekipp ënnerstëtzen ze kommen. Ween et net op Hueschtert packt kann de Mätch awer och am FuPa-Liveticker verfollegen.

Virun dësem Spëtzemätch hate mir déi grouss Eier, mam Batty, dem Trainer vun de Roude Léiwen, ze schwätzen.

Luiz: “Gudde Mëtteg Trainer,

Am Lëtzebuerger Fussballsmilieu sidd Dir beschtens bekannt, an trotz Ärem jonken Alter scho längst eng Legend. Kënnt Dir Iech trotzdem eemol kuerz virstellen?”

Batty: “Also ech soe scho mol Merci fir d’Ufro fir dësen Interview. An der Regel ginn ech keng, mee dat ass Iech jo beschtens bekannt. Jo, bekannt sinn ech. LEGEND ass och korrekt. Ech sinn de Batty Bentz, Baujoer 1991 a rem gutt a Schoss. No enger kuerzer awer hefteger Paus duerch eng Krankheet kann ech rem Vollgas ginn. Well et gëtt just ee Gas… Vollgas! Fussball ass mäi Liewen a mäi Liewen ass de Fussball. Mengen sou kann ech mech am beschte virstellen.”

Luiz: “Eng Fannationalekipp ze iwwerhuelen ass sëcherlech keng einfach a vläicht och mat Momenter eng ondankbar Aufgab. Wat huet Iech motivéiert dësen Challenge unzehuelen?”

Batty: “Ass mäi Land! An do seet een ëmmer jo! Och wann ech eng interessant Offer aus der spuenescher Haaptstad virleien hat. Och wann déi déi finanziell besser war, hunn ech ofgesot an e gudde Bekannten dee scho mol do war virgeschloen, deen se dann och geholl hunn. An deem Sënn: Bonne Chance, Zizou!”

Luiz:“Kënnt Dir eis schon eppes iwwert Äre Kader an Är Opstellung verroden?”

Batty: “De Kader ass dee beschten dee mer säit Joren hunn. Si just Spezialisten a Profien am Kader. Opstellung wäert e klassesche 4-4-2 sinn, deen awer och ob en 1-3-4-2 emgestallt ka ginn. Zäite vu Vokuhila a Libero kommen rem! Do sinn ech mer sëcher!”

Luiz: “Vläicht e Wuert zu Taktik… ass bei esou eng Starensemble iwwerhaapt eng Taktik néideg?”

Batty: “Ons Taktik… (laachen)… Jo, déi ass gutt. Déi ass gaaaaaanz gutt!”

Luiz: “Ass d’Dräifachbelaaschtung um Spilldag (Nationalekipp supporten, Béier drénken a Fussball spillen) fir Är Ekipp kee Problem?”

Batty: “Nee, op kee Fall ass dat e Problem! Wee mat dene Grousse wëll spillen, dee muss och pisse kënnen. Oder sou…”

Luiz: “Eng lescht Fro nach : wéi ass Äre Pronostic fir de Fanmätch ? “

Batty: “Mir wäerten do sinn. Mir wäerte versichen ze spillen. A mir wäerten eventuell NET voll sinn.”

Luiz: “Villmools Merci fir dësen Interview a vill Erfolleg fir de Spëtzemätch zu Hueschtert!”

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.