De Kader vun der Fannationalekipp

Huelse.lu zesummen mat der Missioun Grottekick presentéieren iech de Kader vun der Fannationalekipp, déi den 25 Mäerz 2019 am Stade Jos Becker (Terrain II/Synthetescheb) um 17:00 géint d‘Fans vun der Ukraine spillt.

Den Entrée ass fräi a fir Gedrénks ass gesuergt, d‘Lokalekipp vun der US Hueschtert mecht d‘Buvette op. De Pré-Match ka gutt an drëtt Halschent vum Fanmatch muss gewonnen ginn.

Kommt laanscht an ënnerstëtzt ons Fanequipe déi säit Joren drop waart mol nees e Match (um Terrain) ze wannen.

De Match gëtt am Virfeld vum Lännermatch Lëtzebuerg géint Ukraine gespillt. Dës Partie vun der EM-Qualifikatioun 2020 gëtt de nämlechten Dag am Stade Josy Barthel um 21:00 ugepaff.

Mir wollte nach eemol jidderengem villmols Merci soën déi hier Kandidatur fir dëse Match via Facebook erageschéckt huet. Mir hoffen dat déi Léit déi sech gemellt hatten a léider net geloust gouwen net ze vill enttäuscht sinn an nächste Kéier méi Gléck hunn.

Op e flotte Match !

Lëtzebuerger Fanekipp

GOALKEEPER: Philippe Even (Jeunesse Jonglënster II), Jo Haagen (Jeunesse Biwer II)

OFWIER: Clendis Soares (AS Douanes et Accices), Pierre Forster (Jeunesse Jonglënster II), Dan Frederes (Compadres Tridefa), Sven Fiedler (Compadres Tridefa), Raymond François (huelse.lu)

MËTTELFELD: Charlie Weiler (US Hueschtert III), Armand Joffroy (Compadres Tridefa), Charel Probst (Compadres Tridefa), Joe Feller (M-Block Fanatics), Stefan Guden (Missioun Grottekick), Til Decker (M-Block Fanatics)

STUERM: Ben Majerus (huelse.lu), Thierry Kruchten (Missioun Grottekick), Luca Herr (M-Block Fanatics), Sven Colles (M-Block Fanatics)

TRAINER: Batty Bentz (M-Block Fanatics)

RV fir d‘Spiller 16:20

Geleed gëtt de Match vum Här Jahrmärker Stan (FLF)

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.