De Start an eng néi Aventure

Dëse Freide geet fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe mam Lännermatch géint Litauen d’Qualifikatioun fir d’EM 2020 lass. An dëser Campagne treffen d’Jonge vum Luc Holtz nieft de genannte Balten och op Serbien, d’Ukrain an op den Europameeschter Portugal.

Quasi véier Méint no der zefriddestellender mä net iwwerragender Nations League, wou d’Rout Léiwe bis zum leschte Match nach d’Méiglechkeet haten sech fir d’Finalronn ze qualifizéieren, waart eng néi a komplizéiert Aventure op se. Ons Nationalequipe wiesselt mat der Kompetitioun net nëmmen d’Géigner mä och de Status. Ware mir nach vru kuerzem, mat de Wäissrussen, Favorit fir de Gewënn vun der Grupp, si mir dës Kéier mat de Litauer krassen Aussesäiter. Zréck zum Gewinnte mä awer nach net direkt.

De Programm vun eiser Qualifikatiounsronn hëlleft ons e bësse beim Wiessele vum Kostüm well den Heemmatch géint den abordabelste Géigner direkt de Startschoss duerstellt. E bëssen Nations League Flair bléift also iwwreg wann d’Litauer am Stade Josy Barthel oplafe, wann en der Fifa Weltranglëscht Glaawe schéncke wëll. Deemno si mir als 87ten gelëschten Ekipp am Duell mat de Litauer, déi op der 132 Platz zeréck ze fanne sinn, de Favorit. Op jiddefalls wier et wënschenswäert wann en direkt 3 Punkte séchere kann an, wee weess, sech de Méinden direkt e weidert positiivt Resultat géint d’Ukrainer erspillt.

Am Juni gëtt et da weider mat den Auswäertsmatcher a Litauen an Ukrain eh mir am zweeten Semester vum Kalennerjoer 2019 nach Serbien a Portugal, doheem an auswäerts, begéinen. Kann en géint d’Ukrainer nach hoffe vläicht an engem Match eppes zielbares ze huelen si mir an de véier leschte Matcher de kloren Underdog.

Eng Néi Erausfuerderung bedeit automatesch och eng Rëtsch néi Froestellungen. 

Ass d’Europameeschterschaftsqualifikatioun eng Virbereedung op d’Nations League 2020 ?

Wéi rezent ze liese war, gëtt d’Nations League och 2020 gespillt. Ob an der nächster Editioun als Belounung och eng Deelnahm fir d’Weltmeeschterschaft 2022 wénkt steet awer nach an de Stären. Fir d’Lëtzebuerger huet sech d’Nations League awer bis elo als ganz flott an, trotz der Qualitéit vun de Géigner, sportlech attraktiv erausgestallt. Et ass also ganz schéin net nëmmen den Underdog ze si mä och mol fir d’Éischt Platzen an enger Kompetitioun ze spillen. D’EM-Quali ass momentan fir ons einfach net ze packen, dofir sinn dëst Joer d’Géigner einfach ze staark. Et misst scho ganz komesch lafe fir dat d’Léiwen op enger vun den zwou éischte Platze landen. Deemno soll een dës Qualifikatiounsronn dozou benotzen dat ons jonk Ekipp e weidere sportleche Schrëtt mécht an Erfarunge sammelt ouni dat en ze vill op d’Resultater kuckt. D’éischt Platz an der nächster Nations League misst dat erklärend Zill sinn.

Wéi geet et mat onse momentane Suergekanner weider ?

Suerge maachen sech momentan vill Fussballfrënn ëm de Chris Philipps. De Mëttelfeldspiller stoung vru kuerzem um Ofstellgleis vu Legia Warschau an hätt kéinten am Wanter wiesselen. Eng Knéiverletzung an eng néideg Operatioun hunn den Éislécker awer dozou beweegt weider a Polen ze bleiwen a sech nees a Form ze bréngen. Och wann et am Fussball ganz schnell goe kann, schéint dem Philipps seng Zäit beim polneschen Traditiounsveräin eriwwer ze sinn. Fënnt de wichtege Spiller vum Luc Holtz eng néi Erausfuerderung am Ausland oder kënnt hien esouguer op Lëtzebuerg ? Et komme wichteg Méint op de Spiller duer.

Albdreem wäert de Luc Holtz bestëmmt och hunn wann den Aurélien Joachim sech verletze géif oder net a Form ass. Onsen aktuellen zweetbeschte Buteur an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ass a bléift den eenzege Goalgetter. Dës Läscht gëtt vill driwwer geschwat dat et zu Lëtzebuerg e Manktem u Spiller gëtt déi sech am 1 géint 1 behaapte kënne mä et schéingt vergiess ze ginn dat mir och bal kéng Zenterstiermer hunn. De Plang B am Stuerm heescht Dave Turpel. Den Diddelenger Stiermer ass wuel e ganz wichtegen Teamplayer mä huet awer net déi néideg Effizienz virum Goal, op mannst net international. Och de Maurice Deville bléift e Rätsel a schéingt an de Pläng vum Nationaltrainer kéng grouss Roll ze spillen.

En néie Veräin huet an de leschte Méint onse Wandervogel de Gerson Rodrigues fonnt. De japaneschen Éischtligist Jubilo Iwata ass nom Telstar an dem Sheriff Tiraspol déi drëtt Profistatioun an zwee Joer fir onsen Offensivakteur. Fënnt de 24 järegen endlech déi néideg Stabilitéit fir op laang Dauer och an der Nationalequipe déi erwaarte Leeschtung ze bréngen ? De Gerson Rodrigues huet et bis elo leider nach net gepackt sech als Stammspiller a Pilier z’etabléieren. 0 Goaler a 14 Matcher, Disziplinproblemer, fréi Auswiesselungen, wéi de Fransous soe géif “on reste sur notre faim”.

 

Wéie Spillsystem wäert de Luc Holtz spille loossen ?

Et deit villes op ee 4-3-3 hin. D’aktuell Kaderzesummestellung an déi Spiller déi momentan net aus der Stammekipp ze denke si féieren ons zu dëser Behaaptung. Dëse 4-3-3 kéint sech am defensiv verhale schnell zu engem 4-5-1 a bei ganz offensive Phasen zu engem 3-4-3 ëmwandelen. Taktesch sinn ons Spiller an de leschte Joren esou geräift dat en och Systemëmstellunge wärend dem Match erwaarde kann.

Ons Ekipp

 

                      Moris

                   Jans – Gerson – Chanot – Carlson

                 Martins

                 O. Thill          Sinani

                    V. Thill        Joachim       Rodrigues

Wee sinn d’Pilier’en vun der Ekipp ?

Nieft dem Kapitän Laurent Jans an dem wuel beschten Lëtzebuerger Innenvertéideger Maxime Chanot sinn de Chris Philipps, den Mario Mutsch an den Aurélien Joachim d’Haaptstutzen vun der Ekipp gewiescht. An de leschte Matcher hu sech am Mëttelfeld de Christopher Martins, den Danel Sinani an den Oli Thill als absolut onverzichtbar erauskristalliséiert.  De Kiki ass säit sengem Wiessel bei den ESTAC an de villen Asätz zu Troyes an eng néi Eben gewiesselt. Seng Physik, seng Dynamik an säi méi proppert Spillen di senge Matspiller richteg gutt. Nieft him huet sech den Sinani an der Läscht zu engem ganz wäertvoll Spiller entwéckelt. Duerch seng technesch Liichtegkeet an och mat senge Goaler, fir d’Nationalequipe oder den F91, ass hien zum Shootingstar vun der Saison 2018/19 ginn. E weidere Mëttelfeldspiller deen un Dimensioun gewonnen huet ass mat Sécherheet den Olivier Thill. Vum Progrès aus a Russland wiesselen an direkt d’Häerzstéck vum FK UFA ginn ? Fir den Oli alles kee Problem ! An onsem 4-3-3 kéint den Thill am Zentrum vum Geschéien agéieren. An der Vergaangenheet huet hien oft missen op d’Säit auswäichen mä säi ganzt Kënnen entfalt sech am Zentrum.

 

Ween explodéiert dës Qualifiktioun ?

Mir tippen direkt op zwee Spiller: de Vincent Thill an de Leandro Barreiro !

De jonke Brudder vum Oli Thill huet mat sengem Wiessel vu Metz op Pau villes richteg gemaach. Andeems hie sportlech zwee Schrëtt zeréck gaangen ass konnt hie vill Spillminutte sammelen an och vill Goaler virbereeden a schéissen. Et gëtt oft vergiess dat et sech beim Vincent ëm e 19 Joer jonke Fussballspiller handelt. Beim Fc Pau spillt de VT10 op der Positioun vum Aussestiermer. Also firwat net am Dress vun de roude Léiwen.

Vincent Thill Skills a Goaler

De Leandro Barreiro deen elo nom Erreeche vu sengem Abitur richteg beim Mainz 05 ugräife kann, konnt dëst Joer esouguer scho Bundesliga Loft anootmen. Mir si gespaant wéi hien sech weiderentwéckelt a wieren net iwwerrascht wann am Laf vum Joer kee Wee laanscht de 19 järege féiert !

 

 

De Programm vun de Matcher 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.