Lëtzebuerg gewënnt méi wéi verdéngt am éischte Qualifikatiounsmatch fir d’EM 2020 mat 2-1 géint Litauen. Et muss en et soe wéi et ass, déi besser an talentéiertst Ekipp gewënnt dës Konfrontatioun.
No der Nations League an der verluerer “Final” géint Wäissrussland beweisen dem Luc Holtz seng Männer dat och Néierlagen se net aus der Spuer geheien. Dësen éischte Lännermatch am Joer 2019 war eng Demonstratioun vun der néier Lëtzebuerger Spillstaërkt déi individuellt Talent mat kollektivem Engagement vereent
Ween hätt am Virfeld geduecht dat de Gerson Rodrigues d’Gesicht vun der Spillweis kéint sinn. An onser Virschau op d’EM-Quali hu mir beim “Japaner” den Aspekt vum “Engagement” an seng Ineffizienz a Fro gestallt. De Spiller äntwert mat enger Leeschtung déi onser Kritik all Wand aus de Seegelen hëlt, a mir léieren dat wann de Gerson Rodrigues liwwer soll da gëtt geliwwert. Nieft sengem herrleche Goal war hie gëschter een Teamplayer op deen an all Moment Verlooss war. Dat säi Wiessel a Japan esou schnell Wierkung wéisst dodrunner huet wuel kee gegleeft. Et ass de Gerson Rodrigues dee mir all wëlle gesinn !
An onser Virschau hate mir och op zwee Spiller getippt déi an dëser EM-Quali un Dimensioun gewanne géifen an zu de Shootingstars géife ginn. An no engem Spilldag kéinte mir scho bal gleewen dat mir mat onser Behaaptung richteg louche well de Leandro Barreiro an de Vincent Thill hunn der Lëtzebuerger Fussballwelt bewisen dat mat hinne muss gerechent ginn. Trotz sengem Feeler deen zum 0-1 gefouert huet ass de Mainzer de ganze Match senger Linn tréi bliwwen an huet bis zu senger Auswiesselung eng enorm Aarbecht geleescht a sech mat sengem Goal selwer belount. D’Virlag fir d’ Goaler koumen zwee Mol vum Vincent Thill. Wéi zu Pau huet den Trainer hien als Aussestiermer agesat. Hien huet awer als Hybrid vun Aussestiermer an zentrale Mëttelfeldspiller fungéiert. All Kéiers wou hie mam Ball an d’Mëtt gezunn ass ass et fir de Géigner brenzeleg ginn. Seng Pass an dem Barreiro säi Laf, deen ons den 1-1 bruet huet, war getimt a präzis wéi eng Schwäizer Auer. Hätt déi Pass e Numm mir géifen ons Kanner duerno nennen.
De Nationaltrainer huet d’Chance eng Generatioun vu Spiller ze féieren déi wuel déi talentéiertst ass deen de Lëtzebuerger Fussball jeemools hatt. Vu Match zu Match gëtt dës Tatsaach ëmmer méi visibel. Spiller wéi Dirk Carlson, Kiki Martins an Olivier Thill hunn hire Status méi wéi bestätegt an hunn an de läscht Méint u Wichtegkeet gewonnen. De Nationaltrainer steet domadder och viru schwéieren Entscheedungen, wien hätt zum Beispill geduecht dat den Danel Sinani géint Litauen op der Bänk ufänke géif ? De Shootingstar vun der Nations League an der Europa League vum F91, war bestëmmt wéinst taktesche Grënn op der Bänk an ass domadder och de Beweis dat mir momentan e Reservoir u Spiller hunn vun deem mir vrun e puer Joer just dreeme konnten.
Déi ganz Konscht vum Holtz läit momentan dodrunner dat hien déi eenzel Talenter zu engem staarke Kollektif formt, deen um Terrain alles gëtt fir ze gewannen. An donieft spiert e bei de Spiller eng grouss Loscht fir Lëtzebuerg ze spillen an Deel vun der Ekipp ze sinn. Se kéinten déi schéinste Säiten an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball schréiwen !