D‘Wort huet op hierer Facebooksäit vrun e puer Deeg eng Ëmfro zum Numm vum néie Stadion gemeet. Déi ganz Resultater kënnt dir op dësem Link (//www.wort.lu/de/lokales/wort-leser-haben-entschieden-so-soll-das-neue-stadion-heissen-5ca36027da2cc1784e34122a ) noliesen mä mir wëllen iech awer net virenthalen dat de gréissten Deel vun de Léit de Numm „Léiwepark“ ausgesicht huet.

Meeschtens ass den #Léiwepark, deen huelse.lu säit Méint benotzt, als Kommentar gepost ginn an dëst beweist dat ons inoffiziel „Léiwepark“ Kampagne un d‘Rulle kënnt a bei onse Lieser Uklang fënnt.

Mir hoffen dat d‘Verantwortléch vun der Ville de Luxembourg den tréie Fans nolauschtert an de Stadion op der Cloche d‘Or Léiwepark nennen !

Huelse.lu nennt iech d‘Grënn:

– Nieft dem Fussball spillt och d’Rugbynationalequip am néie Stadion. „Léiwepark“ ass méi neutral wéi de Numm vun enger ancienne gloire aus dem Fussball.

– „Léiwepark“ héiert sech vill besser un wéi „Stade National du Luxembourg“ oder iergendwelch SponsorArena. De „Léiwepark“ gëtt et nëmmen eng Kéier !

– De Léiw ass d’Wopendéier vun onser Heemecht an  fënnt sech esouwuel am Wopen vun der FLF wéi vun der Lëtzebuerger Rugbyfederatioun erëm.

– „Léiwepark“ versteet och een dee kee lëtzebuergësch schwätzt relativ schnell. Am Ausland kënnt et sécher sympathësch eriwwer wann de Stadion e Lëtzebuerger Numm huet.

– Fussballfans déi „Park“ héieren/liesen denken automatësch u Stadien wéi „Celtic Park, Villa Park, Parc des Princes, Borussia Park oder St Jakob Park“. Europäesch Staden mat Kultcharakter.

– Mat allem Respekt fir de Louis Pilot oder aner Lëtzebuerger Fussballgloiren, de Stadion no engem Spiller ze nennen ass no hanne kucken. Am „Léiwepark“ soll Geschicht geschriwwe ginn. Haut fänkt d‘Zukunft un !

– Fir de Louis Pilot an och aner lëtzebuerger Fussballlegenden ze Éieren schloë mir vir d’Tribunen no hinnen ze nënnen. D’Haapttribune aus dem „Léiwepark“ kéinnt dann zum Beispill „Louis Pilot Tribune“ heeschen.

– Vrum „Léiwepark“ kéinnt een dann Statuen oder Gedenktafelen vun onse Legenden oprichten. De Léiwe Park als Hommage un ALL ons verdingte Fussballspiller.

 

Helleft ons wéiderhinn fir de Numm „Léiwepark“ Reklamm ze maachen. Ouni Petitioun, ouni bezuelte Kampagne !

 

Share: