E kuerze Bléck op de Kader vun de Serben geet duer, fir sech der Rolleverdeelung fir dësen Dënschdeg sécher ze sinn : géint Dusan Tadic, Filip Kostic, Luka Jovic a co sinn d’Rout Léiwen kloren Aussesäiter.
Op der WM 2018 waren d’Serben derbäi, sinn awer knapp als Drëtten hannert Brasilien an der Schwäiz an der Gruppephas eliminéiert ginn. An der aktueller Qualifikatiounscampagne huet Serbien souverän géint Litauen gewonn an huet auswäerts a Portugal 1-1 gläichgespillt.
Nieft dësen 2 zefriddestellende Resultater gouf et awer och een Debakel : 5-0 huet Serbien de Juni zu Lviv géint d’Ukraine verluer. Elo um leschte Samsdeg huet Serbien doheem mat 2-4 géint Portugal verluer. Interessanterweis huet Serbien an alle véier Mätcher mindestens ee Géigegol missen hinhuelen. Domat huet Serbien, genau ewéi Lëtzebuerg, bis elo 4 Punkten aus 4 Qualifikatiounsmätcher.
Mat véier vu sechs méigleche Punkten géint Litauen kann ee behaapten. dass d’Lëtzebuerger Qualifikatiounscampagne duerchaus no Plang leeft. Litauen ass wuel an dësem Grupp B deen eenzege Géigner, deem Lëtzebuerg op « erweiderter Aanhéicht » wiert kënne begéinen.
Mat de Leeschtungen aus den zwee Mätcher géint d’Ukraine, déi allebéid knapp verluer goungen, kann ee gutt liewen. Punkten hier wiere schéi gewiescht, heiheem och sécherlech net onverdéngt, mee wierklech ageplangt waren se awer wuel net.
Sou bleift ze hoffen, dass d’Rout Léiwen da vläicht en Dënschdeg iwwerraschend 1 bis 3 « Bonuspunkten » huelen … den Exploit am « Fouermätch » schéngt jo lues awer sécher zur Traditioun ze ginn.