Charakter bewissen

Zum Schluss vun der Qualifikatioun fir d‘EM 2020 hatten ons Léiwen den Europameeschter an Nationsleague Gewënner 2019 op Besuch. Beim Trëffen mam der Weltklassennatioun Portugal huet sech ons Nationalequipe zwar missen 0-2 geschloë ginn mä huet an der éischter Halschent de Géigener phaseweis dominéiert ! 

Zuschauer am Stadion a vrun der Televisioun konnten gëschter bal net gleewen wat op der Arelerstrooss zwëschen 15:00 a 15:35 ze gesi war. Net d‘Weltstarensemble ëm de Cristiano Ronaldo hunn den Toun uginn mä dem Luc Holtz seng Männer hatten sech déi bäscht Golchancen erausgespillt. No a no hunn Deville, Thill a Rodrigues et mat gudden erausgespillten Aktiounen probéiert de Ball an de Goal vum Rui Patricio eranzesetzen. Ugedriwwen vum onbändege Wëllen sech fir déi spillerësch Glanzleeschtungen an dëser Compagne ze belounen an dem leider verstuerwenen René Hoffmann ze eiheren, hunn déi Rout um Terrain op engem Niveau gespillt, deen den Nationaltrainer nom Match als „Weltklass“ bezeechent huet. D‘Zuschauer ginn dem Holtz do mat Sécherheet Recht.
Et war wei een Dram, ze gesinn wei d‘Rout Léiwen eng Spëtz no der annerer gesatt hunn, sech d‘Bäll am Mëttelfeld, ënnert dem Impuls vum Leo Barreiro, erkämpft gi sinn a wéi ons Vertéidegung kee Spiller laanscht gelooss huet. Wéi de Fonke vum Terrain op d‘Gradins eriwwer gesprong ass, wou den Dirk Carlson no Taklings geint Pizzi a Bernardo Silva gejubelt huet wei wann hien e Goal geschoss hätt, bléift de meeschten Zuschauer nach lang an Erënnerung. De jonken Aussevertéideger huet et esouguer gepakt een Eegensschaftswuert ze ginn. „Sief méi Carlson!“ gouf gebrëllt wou e vun onse Spiller mat ze wéineg Aggressivitéit an en Zweekampf gaangen ass. Et waren 35 Minutten déi Hoffnung an Dreem wuese gelooss hunn.

Mä wei bei all Dram schëllt emol de Wecker an d‘Realitéit schléit zou. An dësem Fall war et an der 36ter Minutt. Eng Aktioun, déi aus enger perfekter Pass vum Bernardo Silva, engem perfekte Contrôle Orienté an e sec’en Ofschloss vum Fernandes dÉi wéi en Eemmer kaalt Waasser zougeschloën huet.

Fir d‘portugiesech Gäscht war et wéi e Geschenk vum Himmel, konnten se ab deem Ament hier ganz Erfahrung spille loossen fir de Match ze kontrolléieren.
Am zweeten Deel vum Match konnten ons Léiwen nach duerch e Schoss vu knapp ausserhalb vum 16er vum Rodrigues an engem knapp verpassten Fallréckzéiher vum selweschten Spiller kuerz un den 1-1 gleewen.
Vu Portugal koum bal näischt an den zweete Goal vum Owend war dunn och eischter een Zoufallsprodukt. De Cristiano Ronaldo konnt de Ball, no engem Cafouillage, aus kuerzer Distanz iwwert d‘Linn drécken. E Sënnbild vum Owend dat virum desem Goal e Foul um Jans net gepaff gouf. Den Arbittertrio wollt den Albdraam vir d‘Seleçao op alle Fall iwwert 90‘ verhënneren. Onparteiesch ware vill Entscheedungen net an d‘Spuenier waren bei wäitem déi schwächst um Terrain. Esouguer d’Gäertner an der Halschent hatten e besseren Daag erwescht.

D‘FLF Selektioun huet an dëser Compagne bewissen dat se mat de Bäschten mathaale kann, wann net esouguer méi. Et spiert een ëmmer méi dat ëppes zesummewuest, spillerësch an charakterlech. Loost ons an Zukunft net dreemen mä loosstvons zum Albdraam vu gréisseren Natioune ginn. Nët an enger Wonschwelt mä an der Realitéit !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.