Meng éischte Kéier… Summer of 92

Ähnlech wéi beim Raym, fänkt mäin Fussballgedächtnis am Joer 1990 un.

Op déi ganz Magie vun Italia 90, Gianna Nanini, Völler vs Rijkaard an den 1. Panini Album kommen ech elo net méi zréck, well dat gouf jo schonn hiräichend beschriwwen. De legendäre Match géint Däitschland gouf och um Fernseh bei de Grousseltere gekuckt. Wat elo de Live-Fussball betrëfft, esou ass mäin Schlësseljoer 1992 (8 Joer). Als Escher Jong woar deen éischte offizielle Match natierlech op der Escher Grenz (Jeunesse-Hesper 3-1 mam Christian Hoffmann am Gol, deen déi Zäit vu sengem legendäre Papp René trainéiert gouf, esou hunn ech et mol emol am Kapp.)

Bei der Recherche zu dësem Text, hunn ech dann erausfonnt, dass meng éischte Kéier am Josy Barthel net, wéi bis elo ëmmer ugeholl e Lännermatch, mee d’Coupefinall Beggen-Péiteng woar, déi d’Wiichtelcher duerch e relativ spéide Gol vum Marcus Krahen (esou oft wéi ech dee Numm ëmmer Sonndes um Radio héieren hunn, huet dee fir mech gefillt all Match e Gol geschoss) fir sech entscheede konnten.

Den ëischte Lännermatch woar dunn e puer Méint méi spéit (9. September 92) Lëtzebuerg-Ungarn. Wéi bei mengem Virriedner, si meng Erënnerungen op e puer Momenter beschränkt, mee ech weess z.b. nach, dass et sécher bis elo deen eenzege Match a mengem Liewen woar, bei dem ech de Lëtzebuerger Fändel op béide Baacke gemolt hat. De Fändel mam roude Léiw ass par contre haut nach bei all Heem- an Auswäertsmatch dobäi a gëtt bei der Heemecht an d’Luucht gehalen. Desweideren, hunn ech et deemols komesch fonnt, dass bei deenen 2 Equippen e „Petry“ um Terrain stoung.

Den eigentleche Spillverlaf kennen ech natierlech iwwerhaapt net méi, mee et muss zu iergendengem Moment eng stritteg Schiedsrichtereentscheedung géint Lëtzebuerg ginn hunn, well e eemol huet déi ganz Tribune de Face (deemols wéi haut schonn am Block N) sech fierchterlech opgereegt an e puer Reie virun eis, ass e Supporter e puermol op den Drot geklommen an huet „Go home“ an aner „Nettegkeeten“a Richtung Schiri (e Zypriot, wéi ech gëscht erausfonnt hunn) gebläert.

Schlussendlech gouf de Match mat 0-3 verluer, mee d’Magie vum Josy hat scheinbar gewierkt, well et si säitdeem ganz vill flott, mee och manner freedeg Momenter op der Tribune de Face dobäi komm. An der Hoffnung, dass am neie Stadion ähnlech flott Geschichte geschriwwe ginn.

Lëtzebuerg huet mat folgender Opstellung gespillt:
VAN RIJSWIJCK John, BOSSI Marcel, PETRY Pierre, BIRSENS Marc, WOLF Thomas, GIRRES Jean-Paul, HELLERS Guy, WEIS Carlo, SAIBENE Jeff (58′ HOLTZ Luc), MALGET Théo (80′ THILL Serge), LANGERS Robert.

Histo Riker

Op der Tribune de Face säit 1992 (Lëtzebuerg - Ungarn 0:3)

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.