Mir schreiwen de 7.Juni 2000. E sonnege Mëttwochowend, dräi Deeg virun der Europameeschterschaft an der Belsch an an Holland. Um Wee op d’Europameeschterschaft leet Spuenien en Tëschestopp zu Lëtzebuerg an – a spillt op der Arëler Strooss e leschten Testmätch virun der EM. 

Spuenien gehéiert schon deemols am Veräinsfussball zur absoluter Weltspëtzt. Op den Dag genau zwou Wochen virdrun huet Real Madrid d’Champions League Finall géint Valencia gewonn. Mat Barcelona war suguer nach en drëtte spuenesche Veräin an der CL-Halleffinall. 

D’spuenesch Nationalekipp gehéiert par contre, bei allem Respekt, oft beschtefalls éischter zum erweiderte Krees vun de Geheimfavoriten. Zwee Joer virdru sinn se op der WM a Frankräich hannert Nigeria a Paraguay als Gruppendrëtten eliminéiert ginn. 

D’Lëtzebuerger Nationalekipp ass och zu dësem Zäitpunkt net onbedéngt op hirem absoluten Zenit… virsiichteg formuléiert. Déi lescht Victoire, a suguer de leschte Punktgewënn an engem Qualifikatiounsmätch sinn allebéid knapp 5 Joer hier (September respektiv Oktober 1995). 

Ech kommen amfong aus enger Basketsfamill. Déi Zäit, deemols hat ech 10 Joer, sinn ech eigentlech éischter mat mengem Papp samsdes owes op de Basket ewéi sonndes Mëttes op de Fussball gaangen. An de spéiden 90er Joeren hunn ech awer och schon e puer Bundesligamätcher am Stadion gesi gehat – an déi Atmosphär an engem Fussballstadion huet mech deemols immens faszinéiert (an dat mëcht se elo, 20 Joer an honnerte Mätcher méi spéit nach ëmmer…). 

D’Haapttribün vum Josy Barthel Stadion (Quell: wikipedia.de)

Ech hunn deemno net laang missen iwwerlëen wéi mäi Papp gefrot huet ob ech Loscht hätt de Lännermätch géint Spuenien kucken ze goen.  Ticketen hate mer den Owend selwer an de Keese vum Stadion kaaft – dat war awer, well ronn 6000 Leit op der Arëler Strooss waren méi schwéier ewéi geduecht… et waren net méi fir all Tribünen Ticketen an der Oweskeess ze kréien. Um Enn souze mer am Block D, riets niewt der Haapttribün – wou och eng ganz Rei spuenesch Supporter waren. 

De spuenesche Kader war deemols nach net sou prominent besat wéi dat zéng Joer méi spéit de Fall war, mee et stoungen awer Spiller ewéi e Santiago Canizares, Gaizka Mendieta oder Ivan Helguera an der éischter Elef. Am Laf vum Mätch sollt och nach de Fernando Hierro vu Real agewiesselt ginn – grad wéi och e jonke Golkipp, deen op dësem Owend säin zweete Lännermätch fir Spuenien sollt maachen… e gewëssen Iker Casillas. Eng Rei vun de bekannste spuenesche Spiller an där Zäit, Leit wéi e Luis Enrique, Pep Guardiola oder Raul hu leider deen Owend net matgespillt.

Den Nationaltrainer Paul Philipp huet folgend Elef op den Terrain geschéckt: Besic, L.Deville, Ferron, Funck, Cardoni, Holtz, Posing, Strasser, Theis, Christophe, Saibene. Méi spéit gouf den Zaritski agewiesselt. An der Schlussphas koum och de René Peters, dee genau wéi de Casillas op dësem Owend säin zweete Lännermätch sollt spillen, op den Terrain. Abitter vum Mätch war den Herbert Fandel. 

Un den detailléierte Spillverlaf erënneren ech mech net méi. Ech weess awer nach gutt, dass den M-Block hannert dem Gol op dësem Mëttwochowend säi 5.Gebuertsdag gefeiert huet. Ganz fréi huet de Mendieta vum Valencia CF mat engem Fräistouss den eenzege Gol vum Mätch geschoss – och un dee Gol kann ech mech nach gutt erënneren.

Et war mäin éischte Mätch op der Arëler Strooss… den éischte vu 94 (d’Partie géint d’Belsch déi wéinst Schnéi 2006 ofgebrach gi war matgezielt). Ob ech dann nach 100-Mätcher-Jubiläum am Josy Barthel Stadion ka feieren (wéi et sech gehéiert mat enger gakachter Mettwurscht am Becher an engem alkoholfräie Béier…)  hängt dervun of wéi et um Gasperecher Kräiz mam Chantier vum neie Stadion viru geet… 

Share: