Keng Nations League wéi eng aner

Eng fussballeresch Rentrée wéi keng aner. Fouerzäit ! Soubal den éischten Hämmelsmarsch Enn August iwwert de Glacis trëppelt, de Geroch vu Gegrills a gebrannten Nëss iwwert d‘Allée Scheffer wéit an d’Riserad bis an de Stade Josy Barthel liicht, klëmmt och de Bols béi de Supporter vun eiser Nationalequipe. Endlech ass et erëm esouwäit!

Den Ufank vun der Hierschtcampagne steet virun der Dier an d’September-Matcher ginn elo och scho bal ganz traditionell mat super Resultater fir eis Léiwen op en Enn, egal op de Géigner Frankräich, Schwäiz oder „just“ Moldawien heescht. Mee, där wësst et alleguer: De Start an dës nei Nations League Saison wäert awer leider aus ganz aneren Ursaachen an d’Geschichtsbicher agoen an dat net well d’Uefa sech erëm e ganz spezielle Qualifikatiounsmodus afale gelooss huet (pour rappel : zum Schluss vun dëser Campagne sollen no endlose Rechemodeller eventuell déi 2 bescht Equippen eng Chance op d’Qualifikatioun fir d’Wm am Katar 2022 kréien oder awer net?).

10 Méint dono, eng Divisioun méi héich

Alessio Curci an Timothé Rupil heeschen zwee Talenter, déi lues an den Nationalkader eraschnupperen

No 10 Méint Zwangspaus, wärend deenen eis Welt an eng sanitär, sozial a wirtschaftlech Krise vun historeschem Ausmooss gerutscht ass, start déi nei Campagne mat engem eidele Glacis a mat eidele Stadien europawäit. Fir d’Supporter vun der Nationalequipe sinn dës Ëmstänn ëmsou méi batter, well, ouni d’Exploite vun de Léiwen ugangs de 60er Joren ze vergiessen, een dach wuel mat Recht behaapte kann, dass mer aktuell déi bescht Nationalequipe vun allen Zäite bewonnere kënnen. Déi grouss Majoritéit vun eisem Kader besteet mëttlerweil aus jonken, hongregen an deelweis schonn erfuerene Profien, vun deenen der vill hir bescht Joren nach virun sech hunn. Um sportleche Plang huet Lëtzebuerg definitiv d’Fussballzwergeland verlooss an des Nations League Divisioun C kënnt elo genau richteg fir dee nächste Schrëtt an der Entwécklung ze maachen, nämlech fir de spilleresche Glanz och mat positive Resultater ze belounen.

Aserbaidschan, Zypern a Montenegro heeschen eis Géigner fir déi nächst Wochen. Eis däitsch Noperen hu fir dëse Szenario esou Begrëffer wéi „richtungsweisend“ oder nach „Standortbestimmung“ erfonnt. Wéi fit sinn déi eenzel Spiller no dëser chaotescher Präparatioun? Wéi gutt leeft de Ball no 10 Méint ouni Lännermatch? Wéi wéih deet d’Blessur vum Dave Turpel eiser Offensiv? Dat alles sinn nëmmen e puer Froen op déi d’Äntwerten ab dësem Samschdeg gesicht ginn. Leider kënnen eis Léiwen zumindest um Ufank net op d’Ënnerstëtzung vun hiren treie Supporteren zielen. Laut eisen Informatioune wären dëse Weekend mindestens 20 Supporter un d’Kaspescht Mier gereest fir op der Moartplaz an dono am Olympiastadion vu Baku fir Stëmmung ze suergen a fir den Heemmatch géint Montenegro hätt een de Josy Barthel wuel voll kritt.

You’ll never walk alone

De Luc Holtz kann op d’Ënnerstetzung vun de Fans virun de Bildschirmer zielen

Trotz oder gerad wéinst allem Misär wärend de leschte Méint, wënscht d’Redaktioun vun huelse.lu äerch eng flott Fussball-Rentrée (wéi och ëmmer a wou der d‘ Matcher verfollege wäert) a fir eis Equipe ass et de Message: Och wa mer net am Stadion sinn, you’ll never walk alone!

Roude Léiw… HUEL SE!

Histo Riker

Op der Tribune de Face säit 1992 (Lëtzebuerg - Ungarn 0:3)

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.