Muer ass am Wort een Interview mam Luc Holtz. Dodranner hellt onse Nationaltrainer zu enger ganzer Reih vun Themen Stellung. Den Titel (” Ich versuche mit jedem Spiller korrekt zu sein”) an dei 4 Froën an der “Vir-Ab-Web-Versioun” versprieche schonn vill.
Related Posts
3 thoughts on “Luc Holtz am Wort Interview”
Schreibe einen Kommentar Antworten abbrechen
Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.
Den LH spillt zu Belek keng Testmatcher. Hie mengt et wier zäitlech ze fréi, wat gutt a gär ka stëmmen. Ech hoffe just net, datt hien sech duerch déi ugeschwaate Matcher vun d’lescht Joer géint Leipzig & St.Gallen net dozou beweegt gefillt huet, kee Match ze spillen – bzw. duerch d’Kritik un de Resultater vun deene Matcher. Well dat wieren déi falsch Grënn, obschonn ech se kéint novollzéien, wann ech kucke wéi deemols – wéi esou dacks – géint d’Nationalequipe geschloe gouf (déi alt och keng Profien derbäi haaten an och elo net hunn).
Ech sinn der Meenung dat zu engem Trainingslager e Trainngsmatch gehéiert. Wann een esou liesst wei eng Veräiner dei Zäit all zu Belek sinn ( Wolfsburg, Willem II,…) dann misst een vun esou Méiglechkéete profitéieren. Esou vill Matcher hu mir net wier Automatismen ze entweckelen oder dei Jonken dei no reckelen der Equipe mei no brengen. Och wann een elo enner d’Rieder kommen géif mat der Kritik muss een eenz ginn.
Jo, mä Automatismen an enger Woch trainéieren wou Proficlibb d’ganz Joer druschaffen ass schon net dat Richtegt denken ech.
Haut iwwregens e weideren Interview mam LH: //www.wort.lu/de/view/holtz-zieht-positive-bilanz-50f42e75e4b034d98bfcde37