Optakt gelongen !

Leandro Barreiro

Ons Roud Léiwe gewannen hieren éischte Match vun der Nations League 2020/21 mat 2-1 am Aserbaidschan.

D’Formatioun vum Nationaltrainer Luc Holtz war ganz gutt an de Match komm an hatte schonn an der 2ter Minutt d’Chance a Féierung ze kommen mä dem Maurice Deville säi Schoss war ze zentral.

Lëtzebuerg war déi dominant Equipe an hunn Ball a Géigener laafe gelooss. Déi 10 Méint ouni Internationale Fussball waren net ze gesinn an d’Spillfreed op Lëtzebuerger Säit war grouss.

D’Vertéidegung war kaum gefuerdert, d’Aussevertéideger hu sech ëmmer nees an der Offensive ageschallt an den Duo Barreiro-Martins war wéi erhofft d’Gehirr an d’Häerz vun onsem Spill. Den Haushären ass näischt anescht iwwreg bliwwe wéi sech an der eegener Halschent zeréck ze zéihen. An der 26ter Minutte huet sech dunn den Emereli zu eng Tätlechkeet hiräissegelooss nodeems den Martins e Feeler un him gemeet hatt. Den englëschen Arbitter konnt näischt aneschtes maachen wei dei rout Kaart ze zéihen.

Den aserbaidschanesche Catenaccio zu 10 huet trotzdem gehalen an trotz Iwwerleeenheet an alle Beräicher krutten d’Roud Léiwen de Ball net oft virun d’Këscht. Ausser beim Oli Thill sengem Versuch no Zockerpass vu sengem Brudder Vincent mä de Keeper konnt dee Schoss paréieren.
Als Resultat hu missen Wäitschëss hirhaalen, do hu Carlson, Thill a Gerson Rodrigues hiert d’Gléck probéiert mä leider net getraff.

An der 43 Minutte koum et dann zu engem Twist am Plot dee kee sech erdenke konnt an den Aserbaidschan ass mat hierer éischter an domadder och virläschter Goalchance vum Match a Féierung gaangen. Den Dirk Carlson léisst sengem Géigeniwwer ze vill Platz op der Säit, dee flankt an an der Mëtt käppt den Sheydaev, dee sech vum Selimovic geléisst hatt, an de laangen Eck.

Mat 1-0 ass et dunn och an d’Paus gaangen wou de Luc Holtz och dei richteg Wieder fonnt hatt well direkt nom Pausentéi hunn d’Lëtzebuerg do weidergefuer wou se obgehaalen hunn.

An der 48ter Minutte ass du ganz schnell gangen wéi de Jans mam Ball an d’Mëtt gezunn ass dann an enger Touch via Gerson Rodrigues a Vincent Thill an de Laafwee vum Barreiro an de Strofraum komm. Den Krivotyuk huet verzicht dem Leo de Ball ewegzespëtzen an dobäi an den eegene Goal getraff.


Fir d’Roud Léiwen war et awer nëmmen eng Zwëschenetapp well d’Zill war nach ëmmer déi dräi Punkten ze huelen.
An der 76ter war et dunn esou wäit wou den Arbitter op de Punkt gewissen huet. No enger gudder Carlson Flank huet den Nagiev mat engem Plongeon de Ball virum Gerson Rodrigues mat der Hand eweggestouss. De Stiermer vum Dynamo Kiew huet sech de Ball geholl a souverän de Ball an d’Netz geschoss.
Mat deem Goal waren d’Aseri och moralesch geschloen an hu net mei drugegleeft an deem Spill nach ëppes z’ereechen. An der 90ter Minutte hatten se nach vill Gléck wou no flotter Kombinatioun duerch d’Mëtt den agewiesselte Bensi nëmmen de Poteau getraff huet. Fir de « Stef » wier et e symbolësche Goal gewiescht well hien domadder säi 50ten Asatz hätt kréine kënnen.

De Startschoss an d’Saison 20/21 ass der Equipe vum Luc Holtz gutt gelongen an et ass schéinn ze gesinn mat wei engem Asatz a Freed ons Roud Léiwen sech presentéieren. Verschidde Spiller bleihen am Dress vun der Nationalequipe richteg op a beweisen weieng International Klass ze besetzen.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.