Säit der dominanter Partie an der 2-1 Victoire am Aserbaidschan stellt sech d’Fro ob ons Léiwen esou gutt waren oder de Géigner e ganz schlechten Dag hatt. Ons Jongen kënnen den Owend géint de Montenegro déi richteg Äntwert ginn. D’Partie géint den aktuellen Tabelleleader gëtt richtungsweisend fir ons Ambitiounen an onse Spillstyle.
Säit der Néi-Strukturéierung vun der Nations League ka sech ons Nationalequipe an der Liga C endlech sportléch mat Equipe moossen, mat deene mir gefillt, op Aanhéicht sinn. Den éischte Match am Aserbaidschan huet dat d’Gefill direkt bestätegt. Seele,bis nach nie, huet eng Lëtzebuerger Nationalequipe esou dominéiert wéi läscht Woch. Trotz Réckstand, am schlechsten Ament an an Iwwerzuel, konnten dem Luc Holtz seng Männer hiere spillerësche Niveau bäibehaalen an d’Gedold opbréngen fir nach als Gewënner aus der Partie hervirzekommen.
Nach nie huet e Géigener esou niddergeschloen ausgesinn wei d’Aseri nom 2-1 an der 76ter Minutte. Nom Gerson Rodrigues sengem Elefmeter war d’Loft beim Geigener ganz eraus an dat loung net nëmmen dorunner dat se ee Mann manner hatten mä och well se sech hierem Schicksal einfach hu missen erginn an agesinn dat d’Lëtzebuerger ze staark waren.
Déi grouss Fro déi sech elo stëllt ass ob d’Roud Léiwen och geint de Favorit vum Groupe dei selwecht Dominanz a Ballsécherheet un den Dag leeë kënnen. De Montenegro ass sécherlech mat groussen Ambitiounen an dës Nations League gestart a mat erfahren an erfollegsverwinnte Spiller wéi Savic (Atletico Madrid) a Jovetic (AS Monaco) kann e sech virstellen dat se net op Lëtzebuerg kommen fir ons Equipe ze bestaunen.
Richtungsweisend waert den Owend och schonn d’Opstellung vun onser Equipe sinn. Wann den Nationaltrainer haut keen typësche Stiermer, wéi Deville oder Muratovic, op d’Feld schéckt an dofir éischter op den Danel Sinani setzt da kann een dovunner ausgoën dat d’Equipe wéider op Ballbesëtz setzt an nees no enger ähnlecher Dominanz wei am Match virdrunner setzt. Fir onse Fussball wier dëst e weidert staark Zeechen dat mir ons fussballerësch weiderentwéckele !