
Gëschter verléieren ons Roud Léiwen mat 1-2 géint Liechtenstein. 16 Joer no der blamabler 0-4 Néierlag doheem géint de Fürstentum brengen d’lëtzebuerger Nationalspiller et net faerdeg als Gewënner vum Terrain ze goën.
De Nationaltrainer Luc Holtz huet am Virfeld vum Match erklärt dat d’Partie géint de Liechtenstein net déi wichtegst wier an de nächsten Deeg geif de Fokus op d’Matcher geint Zypern an am Montenegro laie géif. Dofir gouwen vill Spiller agesaat déi an der läscht wéineg Spillpraxis am Veräin a wéineg Spillminutten am Dress vun de Roude Léiwen hatten. Mam Mica Pinto huet esouguer een Debutant ugefangen a konnt mat de spéideren agewiesselten Rupil a Muratovic seng Première féieren.
Trotz de ville personnelen Ännerungen sollt Spillphilosophie déi selwescht wéi an de leschte Matcher sinn, vill Ballbesëtz gepaart mat Spillwitz, enger heicher Defensiver Linn mat Ausseverteideger déi ganz heich stinn. Fir den Dirigent Holtz sollt en offensive Concerto gespillt ginn.
Nëmmen dat d’Nationalequipe*bis net déi Qualitéite besetzt fir esou e Fussball ze spillen an e Géigener ze klappen deen déif a Kompakt steet. Och wann et nëmmen geint den 180ten vun der Weltranglëscht ass.
De flagranten Ënnerscheed war ze gesinn wéi Sinani a Gerson Rodrigues agewiesselt gi sinn a se dem Spill hiere Stëmpel opgedréckt hunn. D’Éischt Geien spille bekanntlech besser Musék.
Wa mir ëppes vun deem Match geléiert hunn ass dat et e groussen Ënnerscheedsniveau tëschent onser Éischter Garde an der Zweeter. Eng Erkenntnis déi de Luc Holtz jo schonn am Heemmatch geint de Montenegro gewonnen hatt wou en net eng Auswiesselung gemeet huet.
Mir sinn a bléiwwen e kléngt Fussballland mat enger gëllener Generatioun déi Grousses (fir ons Verhältnisser) ereeche kann. Ons zweet Garde ass (nach) net esou staark wei ons Éischt.
Ass dëse Constat schlëmm ? Nee…
och wann eng Néierlag géint Liechtenstein engem wichteg Stonnen Schlof klauen.