Do ass se déi kléng Finale

Den Owend spillt ons Nationalequipe zu Podgorica um 20:45 géint de Montenegro. Et ass eng kléng Finale fir déi éischte Platz vun der Tabelle vun onsem Nations League Grupp an domadder den Opstieg an d’Divisioun B.

Am September war d’Entäuschung grouss no der 1-0 Heemnéierlag géint de Montenegro mä d’Gefill vun Onverständnis, dat mir déi dräi Punkten laie gelooss hunn, war nach méi grouss. (D’Leeschtung vum Arbitter loosse mir elo onkommentéiert…) Nach nie hatt eng Lëtzebuerger Nationalequipe e Géigener esou no Strich a Fuedem vun der 1ter bis zur (bal) leschter Minutt dominéiert an trotzdem huet aus der ganzer Iwwerleenheet kee Goal resultéiert.

Säit Deeg schifft et iwwert Podgorica


Am Topspill vun dësem Owend misst awer grad d‘Effiziens stëmmen well dem Luc Holtz seng Equipe haut wéinst verschidde Fakteuren sécherlech keng Copie-Conforme vum leschte Match ofliwwere kann. Dofir feelt momentan, wéi an der zweeter Halschent géint Zypern ze gesi war, verschidde Spiller vun onser Equipe déi néideg physësch Form an den iwwerschwëmmten Terrain vum Pod Goricom Stadion wäert déi Saach net verreinfachen.
Wéi ons bericht ginn ass huet d‘Nationalequipe hieren Ofschlosstraining gëschter op engem Ausweichterrain missen maachen fir de Wues vum Owend net nach weider ze beschädegen.

Haut mussen d‘Chancen besser genotzt ginn

Dës Emstänn wäerten dozou féieren dat de Luc Holtz e puer Regulatiounen an der Taktik an an der Opstellung maache muss. De Ballbesëtz an d’Kuerzpassspill, déi ons an de leschte Wochen esou staark gemeet hunn, waerten haut net um Programm stoen an et waert éischter op laang Bäll gesatt ginn. Vu béiden Equipen.
Léisst den Nationaltrainer an de gewinnten 4-3-3 (resp. 4-1-4-1) oder 4-2-3-1 spillen oder zaubert hien den Owend eng néi Formatioun aus dem Hut ?
Näischt scheinnt onméiglech an eng Formatioun wéi en 3-5-2 kéinnt e sech an deene Konditiounen sécherlech virstellen. Mat 3 kappballstaark Innenvertéideger (zum Beispill: Jans-Gerson-Hall) kann en dei laang an héich Bäll vum Géigener duerch eng Iwwerzuel besser vertéidegen. Schnell Flankeleef wäerten op engem Terrain mat lauter Pill net méiglech sinn an d‘Säiten doweinst ze „opferen“ keinnt eng Iddi sinn.

Am Stuerm bräicht en e groussgewuessenen Stiermer den an d’Kappbälldueller geet fir de Ball op e schnellen dribbelstarke Spiller (Gerson Rodrigues) weiderzeleeden. D’Roll vum Tuerm am Stuerm kéinnt de Maurice Deville iwwerhuelen an d‘Drécksarbecht, ähnlech wei de Giroud bei de Franzousen, fir seng Matspiller ze maachen.

Haut gëllt et net e Schéinheetspräis ze gewannen mä déi dräi Punkten mat Heem ze huelen !

ons Equipe:


Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.