Mir wëllen erop !

180 Minutten vrun engem historesche Moment. Anescht kann en den méiglechen Opstig an d’Liga B vun der Nations League net beschreiwen. Historesch!

Ons Nationalequipe steet nämlech wéi gewosst un der Spëtzt vun der Tabell vun hirem Grupp a géif mat zwee weider gewonnene Matcher net méi anzehuele sinn. Dëst wier net den eenzegen Zenario wei mir zu onsem Zill komme kéinte mä dee wou mir op keen aneren ziele mussen. 

Déi éischt 90 Minutte ginn haut zu Nikosia ugepaff. Géint d’Heemequipe, déi sech iwwerraschenderweis ofgeschloen um Wupp vun der Tabell erëmfannen an haut em hir Éier spillen, gëllt et déi selwecht Astellung opzebréngen wéi vrun engem Mount am Montenegro an déi richteg Schlëss aus dem Heemmatch géint Zyprioten ze zéien. E Match dee mir onnéideg an der zweeter Hallschent aus der Hand ginn haten an ons glécklech schätze konnten dat d’Gäscht ganz gutt Chance leie gelooss huet. Mä och e Match an der mir an der éischter Hallschent gewisen hunn wien Här a Meeschter wier. 

D’spilleresch Entwécklung vun der haiteger Nationalequipe muss sech lo a Succès’e moosse loossen, ons Spiller mussen sech dofir selwer belounen. D’Performance an der Victoire am Montenegro war déi vun enger Gewënner Equipe, enger Equipe déi bereet war alles ze ginn an ouni Nerveflattern sech der Erausfuerderung ze stellen. 

Wann dat klappt da steet ons näischt am Wee fir nächsten Dënschden am allerleschte Match am Josy Barthel de leschte Schratt a Richtung Geschicht ze maachen. 

Huel se! 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.