Olé, el León Rojo !

photo : Julien Garroy/archives lq

De Reinhold Breu, den Techneschen Direkter vun der FLF, äussert sech no senger Kontraktverlängerung vu 3 Joer iwwert den Ausbildungswee vun onse jonke Léiwen. Dem Quotidien erklärt hien dat ënnert senger Leedung ons Nowuessspiller méi Wert op dat Kreatiivt an Offensiivt leeë sollen.

D’Ausriichtung vun den Equipen ass lues a lues zu engem 4-3-3 mutéiert. Domadder solle besser Konditiounen entstoe fir gudd Ugräifer entwéckelen ze kënnen. Als Modell nennt den Däitschen säin Heemechtsland an de Welt- an Europameeschter Spuenien. Ganz nom Motto vum Del Bosque dat an der Jugend d’Resultater niewesächlech wieren,sollen déi Jonk sech individuell entwéckele kënnen. Fehler wieren dobäi erlaabt an d’Spiller géifen encouragéiert ginn sech Saachen zou ze trauen. Ganz kamikazemässeg soll d’Ausbildung awer net ausgeluecht gi well d’Spill géint de Ball nach ëmmer e Schwéierpunkt bleiwe soll.

 

Et ass luewenswäert datt ons Jugendequipen all an eng selwecht Richtung goë sollen, wann e bedenkt datt dat relativ kléngt Holland eng vun de beschte Fussballsnatiounen ass da kann een engem Konzeptfussfall vun dem Genre natierlech nëmmen positiv zoustëmmen. Op datt an onser Leeschtungsgesellschaft esou gutt ukënnt ass eng aner Fro. Wann et kéng positiv Resultater ze melle ginn da kommen natierlech schnell béis Stëmmen déi dat Ganzt kritiséieren. D’FLF dierf net vergiessen dann och un der Aussendartsellung ze schaffen an d’Akzeptanz bei de Familljen, Veräiner a Supporter dobäi ze fuerderen.

 

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

One thought on “Olé, el León Rojo !

  1. Paul Krier 16. Januar 2013 at 12:52

    Grondsätzlech fannen ech dat do super. Ech hunn eng Rei Aarbechten a Bicher iwwer déi rezent Fussballentwécklung gelies, an dér kloer de Spiller eleng an de Mëttelpunkt réckelt an der Ausbildung. Et geht em individuell Talentförderung bei de gudde Leeschtungssportler a Spiller an och séng Elteren sollen an d’Konzept agebonne ginn. Dofir stinn ech hannert deem Konzept.

    Wann een elo awer bedenkt, datt esou eng Entwécklung mat 12/13 Joer ufänkt (also bei de Minimes) muss e Spiller mindestens 6 Joer forméiert ginn. Dofir fannen ech et e bësse komësch, datt den R.Breu dofir e Kontrakt vu just 3 Joer krut.

    Ech wënschen hinne wirklech vill Erfolleg mat deem Konzept. Et wier och elo mol ubruecht, d’Veräiner och op dee Wee ze schécken a se do ze begleeden, well an de Clibb d’Basis (Bambinis bis Poussins) geluet gëtt.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.