Grouss Erwaardungen

Den Dënschden um 22:35, den allerleschte Match vun der Nations League 2020 ass nach an der Nospillzäit, huet d’Majoritéit vun den 100 Zuschauer déi am Stade Josy Barthel konnten dobäi si ganz aner Gedanke wéi de verpassten Opstig am Kapp. Wéi kommen ech elo um schnellste Wee Heem fir virum « Couvre-feu » um 23:00 dobannen ze sinn a, schlëmmer, wann et ze laang dauert an ech an eng Kontrolle falen, ass de Polizist esou fein fir en Aen zouzedrécke ? 
Dofir ass et beim Päife vum Felix Zwayer zu Zeene komm déi en sos nach net oft am Stade Josy Barthel gesinn huet. Eng Rei Zuschauer, déi schonn an hire Startingblocks an der Sortie gewaart hunn, si beim Trillern vum Arbitter senger Päif a Richtung Sortie an Auto las gesprint. De Stadion huet, bei engem Fussballspill, säin Numm nach ni besser gedroe wéi an deem Moment.

Et ware bestëmmt vill vun der nächtlech Hobbyleefer déi dëst och mat engem schlechte Gefill am Hannerkapp (oder am Bauch, wou och ëmmer sech Gefiller verstoppen) gemaach hunn well se sech, net wéi soss üblech, vun der Equipe verabschide konnt. A wier et e Moment gi wou en treie Supporter de „Jongen“ gäre Merci an Äddi gesot hätten da wär et nom 0-0 géint den Aserbaidschan. Net fir den ee Punkt ze feiere mä hinne fir eng sportlech ganz gelonge Kompagne Merci ze soen a fir hinnen ze hëllefen iwwert déi Enttäuschung vum verpassten Opstig ewechzekommen. 

Wann e bedenkt dat dem Luc Holtz seng Männer bis zum allerleschte Match d‘Méiglechkeet hate fir an déi zweet héchst Liga vun der Nations League ze kommen dann ass dat scho fantastesch. Réng vum Resultat hier war dat net eng vun de meeschte Prognosen am Ufank vun dëser Editioun. De Montenegro mat sengem Superstar Jovetic, de Schlësselspiller iwwerhaapt, ware vun Ufank un de Favorit…

…wieren do net d‘Leeschtunge vun onse Roude Léiwe gewiescht. Wéi keng aner Equipe hunn d‘Lëtzebuerger hire Stempel op dës Grupp gesat. Duerch eng weider Evolutioun am Spill huet ons Nationalequipe, duerch Pressing a Géigepressing, all Géigner, op mannst phaseweis, dominéiert. 
Leider huet et oft un de Effektivitéit virum Goal gefeelt oder mir hunn onst duerch individuel Feeler selwer geschuet. 
Wat an deene leschten 3 Méint och schwéier an d’Wo gefall ass waren déi zuelräich Spiller déi eweggefall sinn. Wéinst dem Corona Virus hu mir ganz op de Maxime Chanot verzichte mussen, duerch e schwéiert Autosaccident war den Dave Turpel net asazbereet, de Kiki Martins konnt zwee Matcher vu 6 matmaachen… Den Héichpunkt hate mir virum Aserbaidschan Match erreecht wou insgesamt 10 Spiller gefeelt hunn. 
Jo, an och wann et esou muncher en op de Sou geet, och Decisioune vun Arbitteren déi ons net favorabel waren, hunn hiren Deel zu dem eng oder anere Resultat bruet.

Profitéiert hu vun deene villen Ofwiesenheeten awer och Spiller déi een am Virfeld villäicht net op der Lëscht hatt.

Dat wier als éischt de Vahid Selimovic deen den Ausfall vum New-Yorker Chanot kompenséiert huet a bis zu senger rouder Kaart an Zypern ze iwwerzeege wosst. Dem Innenvertéideger vum OFI Kreta feelt et munchmol einfach un der néideger Erfarung op internationalem Niveau wou e schlecht Stellungsspill, och wann een dem Géigner mol nëmmen e Meter schenkt, sech direkt strofbar mécht. Ofgesi vun deem Feeler waren dem Selimovic seng Performancen awer vu ganz groussem Niveau an hien huet der Ofwier zesumme mam Lars Gerson, den heemleche Chef vun der Nationalequipe, fir vill Stabilitéit gesuergt.

E weidere Spiller deen als grouss Iwwerraschung ziele kann ass de Buteur Edvin Muratovic. Äiskal virum Goal, wéi am Montenegro an an Zypern ze gesi war, mat enger grousser Lafbereetschaft, eng kämpferesch Astellung, e gudde Kontroll a mat Fäegkeete mam Réck zum Goal an aleng an der Spëtzt. Erënnert dat net un en eemolege Stiermer ? Den Numm vum Aurélien Joachim fält oft beim Verglach mam Muratovic an dëst net ëmsoss. Eventuell kéint och dem Edvin e Wiessel an d’Ausland hëllefen e weidere Schrëtt a senger individueller Entwécklung ze maachen. Och wann e bei him och d’Patte vu sengem aktuellen Trainer gutt identifizéiere kann.

Eng weider Iwwerraschung, quasi wéi een UFO, déi wéi vum Himmel gefall ass, ass de Mica Pinto. Nodeems d’Fifa Ännerungen zu denVerbandswiessele vollzunn hatt konnt de Spiller vum Sparta Rotterdam fir Lëtzebuerg oplafen. Hien hatt a Jugendauswiel vu Portugal gespillt a war déi lescht Joren dofir net spillberechtegt fir Lëtzebuerg.

An den Dikrecher wosst direkt z’iwwerzeegen an esou ze spille wéi wann hie schonn ëmmer dobäi gewiescht wier. Op am lénksen, am zentrale Mëttelfeld oder op senger Stammpositioun als lénksen Aussevertéideger de Mica Pinto huet déi Erwaardungen déi an hie gesat goufe méi wéi iwwertraff. 


Duerch déi néi Attraktivitéit déi ons Equipe sech beim Publikum erspillt huet sinn natierlech och d‘Erwaardunge grouss ginn. An domadder ass och d’Frustratiounstoleranz bei verschidde Supporter méi kléng ginn. Et goufe wuel nach ni esou vill Kommentaren an Avis’en zu eenzele Leeschtunge vun onsen Nationalspiller wéi rezent. E Spiller wéi de Gerson Rodrigues, deen och nach an der Champions League spillt, gëtt op eng Kéier mat ganz aneren Ae gekuckt wéi nach virun engem hallwem Joer. Op dëst lo seng Leeschtung um oder säi Lifestyle nieft dem Terrain sinn. Alles gëtt ausserneen geholl. A Lëtzebuerg huet sech eng Starmania breedgemeet. Et schéint wéi wann dem Gerson Rodrigues seng Aktioune ganz anescht bewäert gi wéi déi vu senge Matspiller an d’Supporter bei him déi gréissten Erwaardungen hunn. Wat jo net schlëmm wier wann d’Ongedold net esou grouss wier. Et wier op allefalls wënschenswäert wann d’Urteeler, dem GR10 géigeniwwer, nees méi neutral an objektiv geholl géife ginn a mir ons einfach freeën esou e geniale Spiller an onse Reien ze hunn.

Eventuell waren déi lescht 90 Minutten an dëser Nations League och déi lescht vum Stade Josy Barthel. De Stadion op der Areler Strooss deen 1931 seng Dieren opgemaach huet soll am Mäerz 2021 vum Léiwepark (offiziell Stade de Luxembourg) ofgeléist ginn. De néie Spillpark vun onse Léiwen dee sech op der Cloche d’Or befënnt muss nëmmen nach vun den néidegen Instanze gréng Luucht kréie fir d’Dieren opmaachen ze kënnen.

Mat der Erëffnung vum Léiwepark a senger modernen Infrastrukture géif en elo och déi sëlleg Léit uspriechen déi de Josy Barthel an de leschte Joren ëmmer nees gemidden hunn an dofir d’Matcher vun de Roude Léiwe léiwer am Fernsee gekuckt hunn. En Daach iwwert dem Kapp dee verhënnert dat Reendrëpsen de frësch gezaapte Béier (mat Alkohol ? Merci VDL !) verwässeren an dat de Moschter vum Wupp ewechspullt gëtt. De Léiwepark soll direkt zu onser néier Heemecht a Festung gi wou d’Zuschauer fir eng gutt Stëmmung suergen. Déi grouss Erwaardungen hunn d’Fanclibb an natierlech och d’Spiller an de Staff vun der Nationalequipe un iech. Eng fir d’Entwécklung vun der Nationalequipe wierdeg Stëmmung am néien Doheem.

Et wier ze hoffen dat de Stadion deen 9.385 Zuschauer empfänke kann, wéi geplangt, fir d’Qualifikatiounsmatcher vun der WM 2022 d’Spillwiss vun onse Roude Léiwe wier an och d’CoViD Pandemie esou am Grëff wier dat nees Zuschauer erlaabt sinn a mir dann zesummen néi Kapitelen an der Lëtzebuerger Fussballgeschicht kënne schreiwen.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.