An der frëscher Loft

An dësem Artikel beschäftegt sech de Raym mat de Grënn firwat een an der nächster Phase vun der Pandemie d‘Fussballsterrain an d‘Tribüne opmaache soll.

Léif Sportsfrënn,

als kuerz Erklärung zu menger Persoun: ech schaffe säit 16 Joren an der Fleeg, an de leschte Méint an engem Haus mat majoritäre vulnerabele Persounen, si säit kuerzem geimpft, gleewe weder dat iergendwellech Millionären, Politiker oder Firmen ons en Chip aplanze wëllen an ons an iergendenger Form mat Hëllef vun der Pandemie ënner Kontroll brénge wëll nach un de grousse Reset. Nieft menger berufflecher Aktivitéit sinn ech och säit 8 Joer Jugendtrainer am Fussball. Eng Tâche déi ech mat vill Freed an Engagement noginn.

De Corona-Virus ass reell an et gëllt weiderhin déi néideg Moossnamen ze huelen an anzehale fir déi vulnerabelst vun onse Matmënschen ze schützen an d’Pandemie esou schnell wéi méiglech an de Grëff ze kréien. 

Ech hu ganz vill Versteesdemech déi d’Schwieregkeet, fir déi richteg Decisiounen ze huelen, duerstellt a verstinn déi meescht, och ganz onpopulär, Mesuren déi ons Regierung huet missen treffen. Op menger Aarbecht hu mir déi selwecht Erausfuerderung tëschent Fräiheet a Sécherheet hin-an-hier ze jongléieren a mir stëllen ons dagdeeglech ethesch a moralesch Froe wéi mir dëst an engem gesonde Moss hikréie kënnen. Et ass alles anescht wéi einfach.

Esou leed et mir fir de ganzen Horesca Secteur deet, hunn ech vollste Verständnis dat et net méiglech ass dat eng Grupp vu Persounen, aus verschiddene Stéit, sech an engem zouenem Raum an ouni Mask iwwer längerem Zäitraum ophale soll. Ech fannen et net schwéier ze verstoen dat esou e Setting optimal fir d’Verbreedung vum Virus duerstellt. Dat een dowéinst aner Aktivitéiten an zouene Räim mat Mask, der néideger Distanz an och a begrenzter Unzuel vu Participanten zoulosse ka liicht mir och an. Och dann, an dat däerf en net vergiessen, wann et de “Risque zéro” net gëtt. Esou wäertvoll d’Masken an aner Gestes Barrières sinn, de Risiko sech mam SARS-COV-2 unzestieche wann een sech fir Black Friday op d’Sich vun de niddregste Präisser duerch iwwerlafe Shopping Malls mécht ass och da ginn.

D’Logik net all Beräicher zouzemaachen an déi opzeloossen an deenen de Risk vun enger Infektioun kléng gehale ka ginn ass net nëmme wéinst ökonomësche Grënn richteg. Ze vill Privatiounen dinn dem Mënsch net gutt. Fir de Lëtzebuerger ass den Akaf a sengem Supermarché a säin Autosfestival am Januar helleg, hanner Diddeleng soen se «essentiel» dozou. Et ass ëmmer e Kompromëss tëschent Sécherheet a Fräiheet. Fir d’Entscheedungen ze treffe baséiere sech ons Verantwortlech op wëssenschaftlech Erkenntnisser, déi mat der Zäit ëmmer méi präzis ginn. Duerch seng Beschafenheet wësse mir dat de Corona Virus sech majoritär via Trëpfchen an Aerosolen iwwert ons Otemweeër iwwerdréit. De Risiko sech de Virus via eng Schmierinfektioun opzerafe soll zwar och gi si mä wann en op déi aner Säit vun der Musel kuckt huet zum Beispill d’Bundesamt für Risikoberwertung kee Beleeg dofir.

Keng Zuschauer am Stadion erlaabt, kee Gruppesport fir den Amateur- ( d’Semi-professionell BGL Ligue ausgeschloss) a Jugendfussballer.
Et stousst zu ëmmer méi Onverständnis bei Sportler an Trainer firwat e sengem Sport um Terrain nach ëmmer net « normal » nogoe kann. No sëllegem Hin an Hier däerf momentan nëmmen an 2er Gruppen trainéiert ginn. Iwwerall ausser an der BGL Ligue an den Elittekader vun der FLF wou ouni Restriktioun a Gruppen trainéiert a gespillt gëtt. Déi Trainer, Sportler an Offizieller mat deenen ech zesumme schaffen a mat deene ech an de leschte Méint a Kontakt sti fillen sech net ëm soss vu Federatioun, fussballspezifësch Vereenegunge wéi d’ALEF, a Politik am Ree stoe gelooss. Et kritt en d’Gefill net lass dat d’Lobby vum Amateur a Jugendsport net grouss genuch ass.

D‘Argumentatioun fir den Terrain, fir Spiller an Zuschauer, nees opmaachen ze kenne soll keng emotional si mä eng déi op wëssenschaftlech Donnéeë baséiert. Et ass einfach, duerch d’Pandemiemiddegkeet, op der emotionaler Schinn ze fueren. Facebookposts vu Kanner déi fir hier Sport demonstréieren oder Erfarungsbericht vu Policeasätz um Duerf-Multi erreegen zwar eng gewësse Wierkung mä sinn ze irrational fir z’argumentéieren.

Wéi vru kuerzem zum Beispill am Kicker ze liese war, hunn aktuell Studie bewisen dat de Risiko vun enger Infektioun mam SARS-COV-2 bei fussballspezifësche Kontakter ganz geréng ass. Et wier also méiglech den Trainingsbetrieb an de Veräiner, esouguer d‘Kompetitioun, ënner gewësse Konditiounen nees normal lafen ze loossen. D’Populatioun selwer huet an de leschte Méint geléiert mam Virus ëmzegoen, déi meescht vun ons erkennen d’Symptomer a kennen d’Mesuren déi anzehale sinn. Duerch déi Erfarungen déi mir gesamnelt hunn misste mir op d’Eegeverantwortung vu Jidderengem ziele kënnen. Et muss en dovunner ausgoen dat zum Beispill déi wéinegst Elteren en infizéiert Kand op den Training oder Match schécke géif. Och wann dëst net ëmmer auszeschléisse wier.

Fir eng gewëssen Normalitéit um Terrain hierzestelle brauch een awer och déi Léit ëm den Terrain, d’Zuschauer. Och hei kéint en mat ganz einfache Mesuren nees Zuschauer am Stadion erlaben. Wéi de Präsident vum F91 Diddeleng, de Gerry Schintgen, läscht Woch schonn an der Emissioun Goal erklärt huet, kéint en d’Kapazitéit vun de Stadien als Referenz huelen. Wéi de Fussball fir d’virlescht nees opgaangen ass hunn d’Veräiner et, meeschtens, och fäerdeg bruet koherent Moossnamen ze ergräife fir d’Sécherheet ëm den Terrain ze garantéieren. Eng Erëffnung vun, och nëmmen engem Deel, vun de Stadie géif de Veräiner net nëmme Stëmmungstechnesch ze gutt komme mä och finanziell hëllefen. An dernieft géif en kéng Biller méi vun Zuschauergruppen hanner Gitteren, op Maueren a Beem gesinn. D’Anhale vun de Mesurë klappt am Stadion sécherlech besser wéi ausserhalb.

Wann een dovunner ausgoe kann dat de Risiko um Fussballterrain minimal bis geréng ass da misst en d‘Mesuren un dat ganz Ronderëm, wéi den Transport, d’Vestiairen, d’Buvette an d’Zuschauer upassen. E Katalog deen ouni Weideres schnell vun der Fussballfederatioun, dem Sport- an dem Gesondheetsministère ausgeschafft kéint ginn. De Rapport tëschent de Beneficer déi eng Erëffnung vun de Terrain an dem Risiko sech am fräien unzestieche geet esou kloer an eng Richtung. Wa mir mat engem klénge Risk liewe kënnen andeems mir d’Geschäfter opmaachen da kënne mir sécherlech mat engem klénge Risk liewe fir den Terrain och nees opzemaachen.  
Wat tëschent Shopping a Fussball méi gesond ass brauch jo keen z’erklären.




//www.kicker.de/dfb-arzt-tim-meyer-amateurfussball-stellt-geringes-infektionsrisiko-dar-798094/artikel?fbclid=IwAR3LscSKrUH7jHgkk-JGzbLeGjDnLouK_Jetx-ra_4Am3mNxtJN9h5zmP4c#fb

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.