Fir den Optakt vun der WM-Quali am Grupp A goufe fir déi éischte Kéier déi dräi Thill-Bridder gläichzäiteg nominéiert. Zwee Debütanten sinn och dobäi.

Fir déi éischt Lännermatcher am Joer 2021 – en ëmstriddenen Testmatch géint de Katar an d’Qualimatcher an Irland souwéi doheem géint Portugal huet de Luc Holtz deskéier déi ganz ArTHILLerie opgefuer an déi dräi Bridder Vincent, Oli a Séba éischtmols gläichzäiteg nominéiert. Et ass dëst wuel relativ eenzegaarteg am europäesche Fussball, dass dräi Bridder am Kader vun enger Nationalekipp stinn. Ob den Trio och gläichzäiteg zum Asaz kënnt, wees de Luc Holtz momentan wuel selwer nach net.
Fox an Dzogovic nei dobäi
Mam Lucas Fox, dem 20-jäeregem Stammkeeper vun der Jeunesse Esch, an dem Eldin Dzogovic, dee mat 17 Joer an der U19-Bundesliga fir Magdeburg spillt, kënnen zwee jonk Talenter bei der A-Ekipp eraschnupperen. Virun allem dem Leschtgenannten huet de Manu Cardoni a senger Fonktioun als U21-Trainer eng villverspriechend Zukunft virausgesot.

Säit November 2019 ass de Maxime Chanot och mol rëm engkéier u Bord – wéinst de Covid-Reegelungen an den USA hat hien jo 2020 op d’Lännermatcher verzicht, well hien no sengem Retour an d’USA fir e puer Wochen a Quarantän hätt missen. Et bleift spannend ze gesinn, ob wéiengem Niveau den 31-jäeregen New Yorker sech mëttlerweil befënnt.
Och de Kiki Martins feiert säi Comeback no Verletzung, grad wéi de Chris Philipps, deen no sengem Wiessel op Wooltz elo Spillzäit an der BGL Ligue kritt.
Carlson, Selimovic a Bensi out
Den Dirk Carlson feelt wéinst senger langwiereger Verletzung genau wéi de Vahid Selimovic, deen net mat Zäite fit gouf. De Stefano Bensi huet an der Lescht wuel rëm fir d’Fola gespillt, schéngt awer nach net um Niveau ze sinn fir vum Luc Holtz nominéiert ze ginn.
Am Verglach zu de leschte Rendez-Vousen goufen den Tim Kips, Seid Korac a Mathias Olesen deskéier net berücksichtegt.