De spuenesche Wee

Den Owend um 20:45 fänkt mam Match an Irland d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 fir d’Lëtzebuerger Nationalequipe un.

Ons Nationalequipe krut mam Aserbaidschan, Serbien, Irland a Portugal eng, um Pabeier, schwiereg Grupp. Als absolutte Favorit gëllt natierlech Portugal a Serbien misst mat Irland ëm déi zweet Platz kämpfen. Um éischte Spilldag huet sech Portugal géint de Aserbaidschan ganz schwéier gedoen a Serbien huet Irland mat 3:2 geklappt.

Fir d’Nationalequipe vun der grénger Insel geet et den Owend also dorunner déi dräi Punkten ze huele fir den Uschloss un déi zwee aner Favoritten ze halen. Géint dem Luc Holtz seng Männer sinn d’Ire Favorit och wann se an deenen 10 leschte Matcher kee gewonnen hunn. Chancëlos sinn d’Lëtzebuerger awer guer net.

Bewisen hunn se dat am Testmatch géint den Asiemeeschter Katar. Trotz dem Resultat (0-1), den individuelle Feeler an den Ofstëmmungsfeeler am defensiv Verhalen hunn d’Lëtzebuerger hier spilleresch Klass phaseweis bewisen. A ville Periode vum Match hunn d’rout Léiwen de Ball monopoliséiert an de Géigner an hirer eegener Hallschent agespaart. Géint déi athletësch staark Iren huet et net vill Wäert aneschtes opzetriede wéi e Mëttwoch an onse spilleresch Qualitéite vertrauen. Och wa mir deen en oder anere Spiller an onsem Kader hunn déi sech net virun engem physesch engagéiertem Duell verstoppen an doranner opbléien, géife mir den Iren an d’Kaarte spillen wa mir ufänke géifen mat engem Kick and Rush ze spillen.

Fir erfollegräich ze sinn misst de Luc Holtz an deenen leschten Deeg um Spill am leschten Drëttel mat senge Männer geschafft hunn. 60% Ballbesëtz mä nëmmen eng Handvoll u Golschëss géint de Katar erënneren u sech och un aner Matcher an der rezenter Vergaangenheet. Trotz der gudder Ballzirkulatioun an den iwwerragenden technesche Qualitéite vun onsen offensiv Spiller hu mir ze wéineg Golschëss opzeweisen. Schnell resultéiert dorausser Kritik un de Stiermer, wann e keng Goaler schéisst da si wuel d’Stiermer Schold drun.

E Bléck Richtung Spuenien, vun deenen de Luc Holtz sech inspiréiert, kéint awer d’Léisung bréngen. D’Nationalequipe vu Spuenien beweist säit Joren dat e net onbedéngt e Stiermer vu Weltklass Niveau brauch fir vill Goaler ze schéissen. Nieft dem héije Ballbesëtz, an dee muss nach weider erhéicht ginn, ass et wichteg d’Gedold ze hunn fir de géigneresche Block auserneen ze huelen an sech Raim fräi ze spillen. Déi nächst Etapp um spuenesche Wee wier dat d’Spiller hier Platzen um Terrain jee no Situatioun rotéieren an et fäerdeg brénge fräi Raim iwwerraschend ze besetzen. Et ass eng réng taktesch Aarbecht, déi leider eng gewëssen Zäit brauch fir implementéiert ze ginn.

Dofir musse mir an all Match, géint all Géigner, onst Spill rigouréis spillen och wa mir mol eng an d’Bud kréien. Wann den Nationaltrainer säi Moto “Mir ass d’Performance am wichtegsten” radikal duerchsetzt da musse mir och d’Gedold matbrénge fir dat hie säi Plang ëmsetze kann. Mir sinn dann um gudde Wee fir d’Zukunft.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.