D’Krallen eraus!

Nom spannende Fight tëscht eisen Nopeschlänner um Donneschdegowend an der Nations League Halleffinall, ass et elo endlech Zäit fir déi wierklech wichteg an interessant Matcher an dëser Fussballwoch. Mat Serbien heiheem a mat Portugal auswäerts zu Faro stinn des Kéier zwee richteg schwéier Brocken um Menü.

Um Samschdeg den Owend, gëllt et Revanche fir déi batter 1-4 Néierlag virum engem gudde Mount zu Belgrad ze huelen. Och wa mat de Späre vum Kiki Martins a Gerson Rodrigues, d’Aufgab um Pabeier sécherlech nach méi schwéier ausgesäit wéi am September, wësse mer awer och, dass eis Léiwe grad a schwierege Momenter iwwer sech erauswuesse kënnen. Ausserdeem hat eis Equipe des Kéier eng ganz Woch Zäit fir sech vun de Championnatsmatcher z’erhuelen, fir optimal vun eisem Nationaltrainer Luc Holtz präparéiert ze ginn a schlussendlech ass d’Motivatioun mat Sécherheet extra grouss fir weider ongeschloen an eisem Léiwepark ze bleiwen.

Un Thill peut en cacher un autre

Oli a Seba Thill sinn a Form

Knackpunkt vum Match wäert eemol méi déi physesch Präsenz an den Dueller (firwat net mat engem dofir predestinéierte Vahid Selimovic an der Verteidegung?) an déi néideg Ball- a Passesécherheet sinn, also genau déi Elementer déi eis viru 4 Woche leider gefeelt hunn. Eng ganz interessant Roll kéint hauteemol méi eise „Real-Killer“ Cba Thill spillen, dee mer eis gutt als Kiki-Ersatz kéinte virstellen, well e genau op där Positioun d’Häerzstéck vun Sheriff Tiraspol duerstellt. Mat sengem sécherlech grenzelosen Selbstvertrauen, senger lénker „Patt“ an am Zesummespill mat sengem net manner furios spillende Brudder Oli, kann ee sech op déi néideg offensiv Impulser freeën.

Vir am Stuermzentrum kéinnt den Edvin Muratovic fir déi néideg Onrou an der serbescher Verteidegung suergen. Am leschten Testmatch géint Qatar wosst hien op allefall an där Roll ze gefaalen a wien denkt net u seng exzellent Leeschtung deemools a Montenegro géint ähnlech physesch stoark Spiller zréck?

En Exploit zu Faro?

Nom Schlusspëff op der Cloche d’or, heescht et da ganz schnell an effikass ze recuperéieren, well nëmmen 72 Stonne méi spéit gëtt de Match zu Faro ugepaff. Zu allem Iwwerfloss kënnt nach dobäi, dass Portugal haut just den obligatoreschen Uefa-Kiermesmatch spillt an deemno seng Topleit schoune wäert. Mee, eis Léiwen hu schonn am Mäerz gewisen, dass se zu all Moment zoubäisse kënnen. Deemno gëllt et de Match mat maximaler Konzentratioun unzegoen, onnéideg Koarten ze vermeiden an am entscheedende Moment äiskal zouzeschloen! De Kiki Martins an de Gerson Rodrigues wäerten zousätzlech fir déi néideg Explosivitéit suergen, déi eis a Serbien nom éischte schwéiere Heemmatch géint Aserbaidschan och gefeelt hat.

Et pour la petite histoire: och beim historeschen 0-0 zu Toulouse huet et sech ëm den zweete Match um Spilldag gehandelt…. Last but not least, kënnen eis Léiwen endlech erëm och auswäerts op déi néideg Ënnerstëtzung vun hire treie Supporten zielen. Eisen Informatiounen no, wäerte Ronn 70 Leit fir déi néideg Power am Estadio Algarve suergen! Där gesitt, d’Huelse-Redaktioun ass wéi ëmmer optimistesch, dass bei dësen zwee Matcher eppes fir eis Léiwen ze huelen ass!

D’Krallen eraus an dru gleewen! Huelt se!

Histo Riker

Op der Tribune de Face säit 1992 (Lëtzebuerg - Ungarn 0:3)

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.