Eis Summervakanz gëtt ausgeloust…

Eigentlech kann et nëmme besser ginn… no der blamabeler Auslousung vun der Champions League, déi e puer Stonnen drop huet misse widderholl ginn, wot d’UEFA haut en nächste Versuch… a léisst d’Nations League 2022/2023 auslousen.

Véier Matcher an zwielef Deeg

Um 18 Auer geet et zu Montreux lass. Aus Lëtzebuerger Siicht ass natierlech virun allem d’Liga C intressant, wou d’Rout Léiwen 6 Gruppemätcher wierte spillen, déi alleguer tëscht dem 2.Juni 2022 an dem 27.September wierte stattfannen. Fir déi Leit déi elo schon amgaang de Summercongé fir d’nächst Joer ze placéieren : véier vun de sechs Mätcher wierten tëscht dem 2.Juni an dem 14.Juni gespillt ginn !

Um Dag vun der Auslousung geheie mer e kuerze Bléck op déi véier Lousdëppen aus der Liga C : Lëtzebuerg ass am zweeten Dëppen. Domatt steet scho virun der Auslousung eng grouss Iwweraschung fest : de grousse Klassiker Lëtzebuerg-Belarus wiert et dëss Kéier net ginn. Genau esou sinn Dueller géint Griechenland an Nordmazedonien ausgeschloss. Am éischten Dëppen ginn et véier méiglech Géigner: Türkei, d’Slowakei, Bulgarien an Nordirland. Géint d’Tierken goufen et eng Rei Frëndschaftsmätcher an der Vergaangenheet, fir d’lescht 2015, mee an engem Qualifikatiounsmätch hu Lëtzebuerg an d’Türkei tatsächlech säit 1972 net méi géinteneen gespillt. Op sportlechem Plang wier d’Türkei wuel de stäerkstméigleche Géigner. Dueller tëscht Lëtzebuerg an der Slowakei goufen et bis elo 5: déi véier Qualifikatiounsmätcher zu Lëtzebuerg, Bratislava an Zilina goufen alleguer vun de Slowake gewonn… den Testmätch am Februar 2011, am décken Niwwel op der Arëler Strooss, goung awer mat enger 2-1 Victoire fir Lëtzebuerg op en Enn.

Zu Sofia steet nach eng Rechnung op

Och Bulgarien hu mer an der noer Vergaangenheet ëmmer nees begéint. E ganz onglécklechen 3-4 gouf et 2016 zu Sofia, ëmmerhin en 1-1 am Oktober 2017 zu Lëtzebuerg. Sëcher ass Bulgarien nach ëmmer e staarke Géigner, d’Ekipp ass awer net méi mat der « gëllener Generatioun » aus den 90er mat Letchkov, Stoichkov a Balakov ze vergläichen… Bleiwt nach Nordirland… géint d’Nordiren hate mer 2 Frëndschaftsmätcher gespillt, mee virun allem déi 2 Qualifikatiounsmätcher, 2012 zu Belfast an 2013 op der Arëler Strooss, wierten ville Lëtzebuerger Supporter nach a beschter Erënnerung sinn… an ech mengen déi allermannst hätten eppes dergéint nach eemol gemittlech an der Lavery’s op d’Bradbury Place zu Belfast een huelen ze goen.

Bulgarien ass eng Destinatioun, déi fir d’Fans vun der Nationalekipp eventuell kéint a Fro kommen

Liblingsgéigner Aserbaidschan

Am drëtten Dëppen laueren Litauen, Georgien, de Kosovo an den Aserbaidschan. Mat 6 offiziellen Dueller géint den Aserbaidschan fänkt och dëse Géigner fir d’Rout Léiwen lues awer sëcher un eng Zort Klassiker ze ginn. Géint Litauen goufen et 2 Pflichtmätcher bis elo, do huet Lëtzebuerg 4 Punkte geholl, et schéngt also irgendwéi e Géigner ze sinn deen eis läit. Géint Georgien goufen et bis elo just Testmätcher, géint de Kosovo nach ni e Lännermätch…

Geet et fir Thill a Co. erëm op Baku?

Am véierten Dëppen ass nach net ganz kloer ween déi méiglech Géigner fir d’Rout Léiwe sinn. Kasachstan a Moldawien, grad ewéi Zypern an Estland, mussen nach ënnert an de Playoffs am Mäerz 2022 ausmaachen, ween an der Liga C a ween an der Liga D untrëtt. Déi zwee aner Géigner méiglech Géigner wieren Gibraltar an d’Färöer. Géint d’Färöer goufen et, zu engem aneren Zäitpunkt, virun 20 Joer, zimmlech blamabel Défaiten, géint Gibraltar nach ni e Lännermätch.

Klappt den Tirage reibungslos?

Ouni vermooss oder iwwerhieflech wëllen ze sinn kann een dach behaapten, dass Lëtzebuerg wahrscheinlech als Favorit an de Mätch géint de Géigner aus dem véierten Dëppen geet. Et kann een also gespaant sinn a Lëtzebuerg kritt mat Sëcherheet dräi interessant, eventuell och ganz nei, Géigner – de Stade de Luxembourg ka sech op flott Lännermätcher frëen, a mir doriwwer eraus op flott Auswäertsreesen… ob et dann op Tiflis, Tiraspol, Tallinn oder Torshavn geet, gi mer, sous réserve dass d’UEFA dëss Kéier déi richteg Bullen an d’Dëppen gehäit, den Owend gewuer…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.