2-3-2… Nee, et handelt sech heibäi net em de neisten taktesche Knëff vun eisem Coach Luc Holtz, mee em d’Recuperatiounszäit vun eiser Nationalequipe innerhalb der nächster Woch, Fluchreesen inklusiv wuelverstanen.
Wéi der wësst, huet de komeschen Tournoi, deen dëse Spéithierscht iergendwou am fernen Orient gespillt gëtt, nämlech den traditionelle Fussballkalenner ferme op d’Kopp geheit an als Konsequenz huet d’UEFA decidéiert fir déi 3t Editioun vun hirer Nations League haaptsächlech ufanks Juni 2022 z’organiséieren.
Trotz dem traditionelle Format vun Heem- an Auswäertsmatcher, huet dat ganzt awer iergendwéi de Charakter vun engem Miniturnéier. No enger laanger Saison déi besonnesch an de Wanterméint nach vun der Pandemie gepräägt war, steet nämlech elo nach eng Campagne mat insgesamt 4 Lännermatcher innerhalb vun 10 Deeg um Menü, déi Samschdes de 4te Juni zu Vilnius a Litauen ufänkt an Dënschdes den 14.Juni am Léiwepark géint d’Färöer Inselen hiert Enn fënnt.
Enn vun enger laanger Saison an Ufank vun der nächster
Fir eng Rei vun eise Spiller heescht et deemno no all den Efforten nach weider op d’Zänn ze bäissen (z.B. Danel Sinani, Kiki Martins), anerer mussen no enger kuerzer Verschnaufpaus erëm voll an de Kompetitiounsmodus starten (z.B Dirk Carlson, Leandro Barreiro, Anthony Moris) a nach anerer kommen aus lafende Championnater (z.B. Maxime Chanot, Vincent Thill, Lars Gerson). An als Kiischt um Kuch fänkt kuerz no der Nations League fir eng ganz Rei vun hinne schonn d’Preparatiounsphase fir déi nächst Saison un.
De Luc Holtz benéidegt dëser Deeg deemno nieft takteschen Inspiratiounen och eng Rei „Seeldänzerqualitéiten“, well et fir déi eenzel Spillergruppen déi néideg Balance tëscht Präparatioun, Asaatzzäiten a Recuperatiounsphasen ze fanne gëllt.
Trotz all deene Schwieregkeeten, déi iwwregens fir all d’Equippe selwecht sinn, ass dës Nations League awer och en exzellenten Test fir déi, selwer formuléiert, héich Ambitioune vun eiser Equipe. Sollt nämlech iergendwann den Exploit vun enger Qualifikatioun fir e groussen Tournoi geléngen, ass et nämlech ganz genau dee selwechte kierperlechen a mentale Rhythmus deen da gefuerdert wäert sinn. Deemno, eng richteg Woch vun der Wouerecht fir eis Jongen!
Grousse Kader, albekannte Problemer
Wat erwaart eis elo a sportlecher Hisiicht an eiser Grupp 1 vun der Liga C?
Eisen Trainer hat am Virfeld e grousse Kader vu 26 Spiller nominéiert. An der Defensiv an am zentrale Mëttelfeld ass de Kampf em d’Platze besonnesch grouss (wat d’Net-Nominatioune vu Selimovic a Skenderovic ënnersträichen) an et bidden sech eng hellewull taktesch Méiglechkeeten a Formatiounen un, op déi de Luc Holtz och sécherlech zeréckgräife wäert. Ganz intressant gëtt ze gesi wéi eng Roll de Laurent Jans spille wäert. Eise Kapitän hat an der Réckronn wéineg Spillzäit bei Sparta Rotterdam, contrairement zum Marvin Martins dee eng furios Réckronn als Rietsverdeedeger bei Austria Wien gespillt huet. An den Testmatcher am Mäerz, huet de Laurent awer gewisen, dass hien och eng ganz gutt Optioun als Inneverteideger nierwt dem Marvin ka sinn…
Am Offensivberäich deet dem Oli Thill säin Ausfall natierlech besonnesch wéi. Hee war an dëser Saison zweifellos an der Form vu sengem Liewen a wär mat Sécherheet och de Motor vun der Equipe gewiescht. Duerch säin Ausfall, réckelen seng 2 Bridder warscheinlech méi an de Fokus. Eng aner oppe Fro bleift eisen zentrale Stiermer: Gerson Rodrigues, Maurice Deville oder dach Edvin Muratovic? Ween de Luc Holtz kennt, weess, dass d’Äntwert op des Fro warscheinlech vu Match zu Match nei bewäert a beäntwert wäert ginn.
Bilanzen, déi et ze verbessere gëtt
Géint Litauen konnte mer an der jéngster Quali-Vergaangenheet am Joer 2019 mat 4 Punkten e positive Bilan virweisen, woubäi de Match a Litauen op ongewinntem Konschtwues haart ëmkämpft war a schliisslech mat 1-1 op en Enn gaangen ass. Vill anescht dierft et wuel des Kéier och net ginn. D’Spiller aus dem Baltikum wäerte probéiere fir hir spilleresch Defiziter iwwer hir Athletik an taktesch Disziplin ze kompenséieren. Fir eis Léiwen gëllt et par contre déi sëlleg „domm“ Feeler an der Defensiv ofzestellen an de warscheinlech héije Ballbesetz endlech zu Zielbarem am Strofraum ëmzewandelen. Et ass deemno verständlech, dass eisen Nationaltrainer sech léiwer en Heemmatch zum Start gewënscht hätt.
Mat de Färöer Insele kréie mer et innerhalb enger Woch direkt 2 Mol ze dinn. Déi lescht Konfrontatioune leie schonn e puer Joer zréck (tëscht 2001 an 2010 goufen et insgesamt 4 Matcher) an eise Bilan ass alles anescht wéi positiv, 3 Néierlagen an 1 Gläichspill. Och wann eis Equipe definitiv näischt méi mat der Ära Simonsen ze dinn huet an d’Färinger momentan net méi ganz de Niveau vun deemools hunn, sou muss een déi 2 Matcher trotz allem héich konzentréiert ugoen. Besonnesch an hirer Festung „Tórsvøllur“ sinn d’Jonge vun de Schoofsinselen ëmmer rëm fir en Exploit géint grouss oder och méi „kleng“ Géigner gutt. Ween et zu Torshavn ze vill locker ugoe léisst, riskéiert ferme iwwerrascht ze ginn.
De sportlechen Highlight an dësen 10 Fussballdeeg ass natierlech d’Tierkei, eng Equipe wou een de Moment net richteg weess wou se steet. Trotz Ofstig am Hierscht 2020 an der Nations League an engem klägleche Scheiteren als Tabelleleschte bei der Euro 2021, ginn d’Spiller vum Bosporus trotzdeem als déi stäerksten Natioun an der Liga C ageschat, besonnesch well de neien Trainer Stefan Kuntz fir de néidegen Optimismus suergt. Nierft enger Rei jonken Nei-Nominatioun déi sech beweise wëllen, kann de gebiertege Saarlänner op eng Rei erfuere Spiller zréckgräifen déi bei grousse Klibb an Europa spillen. Desweideren besteet och de Risk, dass eng grouss Zuel vu Fussballfans aus eisen Nopeschlänner dee Wee an de Léiwepark fanne wäert fir hir Equipe lautstaark z’ënnerstëtzen.
Huelse – Fazit
Mat eisen Ambitiounen sinn eng Rëtsch Punkten aus deene 4 Matcher einfach Pflicht. Wéivill et der um Enn sinn, hänkt natierlech vun enger ganzer Rei Facteuren of. Och wann eisen Trainer dat heite warscheinlech net gäre liest: Grad an dëse Matcher wäer deen een oder aner „dreckegen 1-0“ duerchaus e wënschenswäerte Szenario. An och nëmmen esou kënnt een enges Daags op e groussen Tournoi…
D’Huelse-Redaktioun, déi wéi ëmmer op deene 4 Matcher present wäert sinn, wënscht alle Fans heiheem am Stadion, den Auswäertsfuerer a natierlech eiser Equipe eng flott a spannend Fussballwoch. Huelt se!