D’Partie vum 25.September 2022 géint Litauen, wou d’Rout Léiwen sech jo bekanntlech an der Schlussphas eng 1-0 Victoire erkämpft hunn, kéint vu grousser Wichtegkeet sinn – an der Lëtzebuerger Nationalekipp eng historesch Chance bidden…
Wat bis elo geschitt ass…
An der Nations League Liga C ass d’Gruppephas fäerdeg gespillt. D’Türkei, Griechenland, de Kasachstan a Georgien hunn hir jeweileg Divisioun gewonn. Lëtzebuerg gëtt hannert der Türkei Gruppenzweeten… an ass mat 11 Punkten de beschte Gruppenzweeten aus deene 4 Divisiounen.
Wat den 9.Oktober 2022 geschitt…
Zu Frankfurt ginn d’Gruppe fir d’EM-Qualifikatioun ausgeloust. 10 Gruppe gi geloust, an all Grupp wierten entweder 5 oder 6 Ekippe sinn. De Gruppenéischten an de Gruppenzweeten aus all Grupp si fir d’EM 2024 an Däitschland qualifizéiert.
Wat 2023 wiert geschéien…
Déi 10 Spilldeeg, déi fir d’Gruppephas vun der EM-Qualifikatioun virgesi sinn, ginn alleguer tëscht Mäerz an November 2023 gespillt. Dono stinn 21 vu 24 Ekippen, déi un der Europameeschterschaft 2024 an Däitschland deelhuelen, fest. (10 Gruppenéischt, 10 Gruppenzweet plus Däitschland)
Dreemen ass natierlech erlaabt, sollt et Lëtzebuerg geléngen eng éischt oder zweet Plaz an dëser Qualifikatioun ze erreechen, wieren d’Rout Léiwen bei der EM derbäi.
Wat am Mäerz 2024 kéint geschéien…
Vum 21. bis de 26.Mäerz 2024 ginn déi lescht 3 Plazen fir d’EM ausgespillt. Hei ass jeweils eng Plaz fir de Gewënner vun de Playoffs vun den Nations League Ligen A, B an C virgesinn.
Fir Lëtzebuerg sinn hei d’Playoffs aus der Liga C ganz intressant. Stand elo spillen déi véier Gruppengewënner (Türkei, Griechenland, Kasachstan a Georgien) dëss Playoffs. Sollt awer och nëmmen eng vun dëse 4 Ekippen sech iwwert d’EM-Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft qualifizéieren, gëtt déi Plaz an de Playoffs fräi.
Lëtzebuerg, als beschte Gruppenzweeten, giff an d’Playoffs noréckelen.
An dëse Playoffs ginn zwou Halleffinallen an eng Finall gespillt. De Gewënner vun der Finall kritt den Ticket fir d’Europameeschterschaft an Däitschland.
Daumen drécken…
No de Lännermätcher vun der EM-Quali lount sech deemno aus lëtzebuerger Siicht ëmmer e Bléck op d’Resultater vun der Türkei, Griechenland, Kasachstan an Georgien… an der Hoffnung, dass wéinstens eng vun dëse 4 Ekippen duerch eng éischt oder zweet Plaz an der EM-Qualifikatioun op d’Europameeschterschaft an Däitschland fiert… an domatt Lëtzebuerg hir Plaz an den Nations League Playoffs iwwerloosse kann.